Berbuerg I: Neierlaag géint de Leader 0:1 (0:1)

FC Berdenia Berbourg - FC Titus Lamadeleine 0:1 (0:1)

 

Am Kader vum 1. Freijarsfest zu Berbuerg am Beaurepaire, haaten eis Jongen kee Gleck am Match géint den Tabellenleader vu Lamadelaine.

 

Ze vill Respekt haaten eis Jongen an der Ufangsphase an hunn de Jongen aus dem Süden sämtlech Spillundeeler iwwerlooss, ouni dass déi et awer ausnotzen konnten. An der 13.Minutt haat den Dan Huss eng gudd Kappballchance, wei den Lamadelainer Verteideger eng Flank vum Peter Lauer op den Huss zereck oofwiert, mee hien war ze vill iwwerrascht, fir den Ball ze platzeieren. An der 20. Minutt war et een Fraistouss vum Dan Huss, deen den Goal knapp verfehlt.

 

1 Minutt drop konnt den Titus Lamadelaine den 0-1 markéieren, wéi sie e Malentendu an der Berburger Defense äiskaal zur Feierung ausnotzen.

 

An der 35.Minutt haat den David Klein d'Geleeënheet per Wäitschoss den Ausgläich ze markéieren, mee de Keeper huet säi Schoss paréiert. Dono war et Lamadelaine, dei mat sellegen gudden Gelee!enheeten Berbuerg fatzeg ënner Drock gesaat hunn, mee eis Jongen konnten sech an d'Paus retten.

 

Dei zweet Halschent haat net mei vill ze bidden, bis op déi läscht puer Minutten, wou et nach eng Kéier hin an hier gaangen as. An der 88.Minutt haat den Mike Krischler den Ausgläich do léien an am Géigenzuch verpasst Lamadelaine eng 100% eg Goalchance. Eng weider Chance haat den David Klein an der läschter Minutt, éier den Arbiter oofgepaff huet.

 

Schued, sou gouf ët zu eisem gelongenen Freijarsfest leider keng Belounung um Terrain. Nächsten Match as den Sonnden um 16:00 Auer zu Uewerkuer, wou et dann geint den CSO geet.

 

Op dëser Plaatz well den Comité awer nach jidderengem dee gehollef huet, een groussen Merci soën, dat mer konnten alles esou oofhaalen. Ouni Är Hellef wier Villes nët machbar gewiecht !!!

   

FCBB: Hristov - Thies, Petry P., Dias, Kaufmann (C) - Speltz, Wengler, Lacroix, Lauer (46.Krischler), Klein - Huss

 

Réserve: Krischler, Frondizi, Hoffmann

 

Net dobai: Weidert, Amodio, Hubert, Bossers, Schuster, Dahm, Wagner

 

 

 

Share |