Scolaires: Kloeren Erfolleg am Derby!

Entente Berbourg-Biwer - Entente Petite Suisse 7:1 (2:1)

 

Mat Ausnahm vun deene leschten 15 Minutten an der 1. Halbzäit huet eis Equipe eng ganz anstänneg Leeschtung bruecht viru villen Zuschauer.

 

Et war e flotte Fussballnômëtteg fir déi jonk Spiller an hier Elteren. Ugefang huet dat Ganzt mat eng Schnuppertraining, dien d'Jugendkommissioun organiséiert hat, fir nei Kanner fir de Fussball ze begeeschteren, a wou och eng Réih nei Spiller Kanner sech ageschriwwen hunn.

 

Duernô ass ët weidergangen mat engem Match vun eise Pupilles déi mat hieren Traineren Gilles Schuder an Yves Dahm en 2:2 géint den CS Grevenmacher konnten erausspillen.

 

Méi iwwer de Scolairesmatch hei drënner.

 

Duerch Goaler vum Filpe PINTO an dem Alex WELSCH ware mir schnell 2:0 am Avantage, mee leider ass duerno de Spillfloss verluer gaangen well sech net méi genuch beweegt ginn ass.

 

Den Uschlossgoal vum Noper aus dem Mëllerdall war déi logesch Konsequenz, esouguer den Ausgléich war méiglech mee zwou gutt Interventiounen vum Bob SCHRANTZ hu Schlëmmeres verhënnert.

 

Eng déitlech Leeschtungssteigerung no der Paus, mat vill méi Asatz a Lafbereetschaft an deelweis schéin erausgespillte Goaler hunn schliesslech zu engem verdingten a ganz kloeren Succès gefouert.

Doriwwer eraus erwähnenswert ass dat den Nick ASSEL konnt en Eelëfmeter paréieren, an dat eise Kapitän Bob SCHRANTZ, deen déi lecht 30 Minutten e ganz gudden Androck am Feld hannerloos huet, och konnt markéieren!

 

Elo stin zwee ganz schwéier Matcher un, an et gëlt do mat där néideger Disziplin weider Punkten ze sammelen fir déi ganz gutt Ausgangspositioun an der Tabell ze verdeedegen.

 

D’Goaler fir déi Orange hu geschoss :

Filipe PINTO, Alex WELSCH, Raffa ALMEIDA, Steven DOS SANTOS, Bob SCHRANTZ an de Nicolas OSWALD (2)

 

Equipe : Bob SCHRANTZ (C) – Jérôme KRING, Steven DOS SANTOS, Jo PITZEN, Charel KREMER, - Leandro LOPES - Filipe PINTO, Raffael ALMEIDA Glenn ARTOIS –Nicolas OSWALD an Alex WELSCH

 

Nick ASSEL, Sam WAINWRIGHT, Yannick SCHROEDER a Sam KONSBRUCK

 

Net dobäi : Damien STEFFES (verletzt)

 

Share |