Last-Minute Dreier fir d'1.Equipe zu Itzig 0:1 (0:0)

FC Blo-Wäiss Izeg - FC Berdenia Berbourg 0:1 (0:0)

 

Virun gewinnt villen matgereesten Berbuerger Supporteren koumen eis Jongen mat vill Gedold zu engem weideren Succés.

 

Eischt gefeierlech Aktioun am Match haaten allerdengs dei Blo-Wäiss, wei een Kappball no engem Fräistouss ganz knapp iwwert eisen Goal gaangen ass.

 

Déi éischt nennenswert Berbuerger Aktioun koum an der 21. Minutt zustaan: De Pit Speltz zitt vun riets an den Stroofraum an leet zreck op den Dan Huss, deen allerdengs komplett verzitt. Den David Klein haat puer Minutten drop och een Warnschoss oofgefeiert, mee de Keeper huet gehaal.

 

Berbuerg war spillbestëmmend, mee konnt d'Iwwerleeënheet nët mat Goalchancen konkretisöieren. Sou as et mam 0-0 an d'Paus gaang.

 

An der 2. Halbzeit sollt den Match zimmlech oofflaachen. Bei villen Ballverloschter op beiden Saiten koumen Goalchancen ganz schwéier zustaan. Gudd Geleeënheeten haaten mer duerch Standarts: an der 51. an 62- Minutt konnt den Huss awer keen Profit aus den Fräistéiss zéihen. Eng weider Keier konnt sech an der 66.Minutt den David Klein am 16er duerchsetzen, mee den Keeper deviéiert säi gudden Schoss. Kuerz drop konnt den Yves Bossers e Wäitschoss vun den Itzeger entschärfen. An der 72. Minutt huet et den Mike Wengler per Direktopnahm proböiert, mee säi Schoss geet knapp derlaanscht.

 

Kuerz viru Schluss, an der 85.Minutt, konnt den Yves Bossers déi geféierlechsten Itzeger Aktioun paréieren ier et den Manuel Kaufmann ët nach eng Kéier vu Wäitem probéiert, ouni Succés.

 

89. Minutt: Vun der Mëttellinn aus konteren déi Orange iwwert de Peter Lauer, deen am Stroofraum de Ball clever an d'Mëtt op den Dan Huss leet, deen et sech dunn net huelen léisst zur Féierung anzenetzen. Dest sollt dann och dei läscht gefeierlech Aktioun am Match sin.

 

Den Sonnden geet et doheem géint de Leader vu Lamadelaine, wéi ëmmer um 16:00 Auer. Op keen Fall sollt der dësen Sonnden awer eist eischt Freijarsfest. Ab 11:30 Auer  gëtt ët am Beaurepaire verschidde Menuer wéi z.B Spargelen, Paschtéit oder Roastbeef  fir d'Mëttesiessen. Och nôm Match kënnt Dir béi eis e Patt drenken a fir d'Owesiessen gët ët Gegrilltes.

 

FCBB: Bossers - Kaufmann(C), Petry P., Dias, Thies - Klein(82.Thill), Wengler, Lacroix, Lauer, Speltz (90+2 Frondizi) - Huss (90. Oswald)

 

Réserve: Hristov, Thill, Oswald, Frondizi

 

Net dobäi: Weidert, Amodio, Hubert, Krischler, Schuster, Dahm, Hoffmann, Wagner

 

 

 

Share |