Kommt eis Seniors Réserves ënnerstetzen

D'Equipe vu Berbourg II spillt muer den Owend an der 1/4 Finale vun der Coupe des Seniors Réserves. Wann och um Wee heihinner 2 Forfaits léien, war besonnesch de Match géint d'US Hostert en intensiven Match, wou eis Jongen gutt gekämpft a verdéngt gewonnen hunn.

 

Hei de Parcours vun eiser Equipe an dës 1/4 Finale:

 

JEUNESSE GILSDORF - BERDENIA BERBOURG  1 - 2

BERBOURG – HESPERANGE 3 - 0 ff.

BERBOURG – HOBSCHEID EISCHEN 3 - 0 ff.

US HOSTERT II - BERDENIA BERBOURG 0 - 2

 

Kommt duerfir Karfreideg, den 18.04. 2014 um 20:00 Auer an de Stade Renert, fir de Spiller déi Ënnerstëtzung ze ginn, déi se sech verdéngt hunn. Den Entrée ass fräi, an der Buvette gëtt ët ze Iessen an ze Drenken, an e flotte Kader ass garantéiert fir den Ouschterweekend ukléngen ze loossen.

Share |