Marc Wengler bléiwt Trainer béim Berdenia Berbourg

De Marc Wengler trainéiert eis Seniors Equipe och an der Saison 2014/2015.

 

De Veräin an den aktuellen Trainer hu beschloss dei erfollegräich Zesummenaarbecht vun dëser Saison och fir déi nei Ronn fort ze féireen.

 

5 Spilldeeg virun Schluss steet eis éischt Equipe mat 31 Punkten (8 gewonnen Matcher a 7 Gäaichspiller) an engem Goalvehältnis vun 34-33 Goaler op der gudder 6. Plaatz.

 

Assisteiert gët hien an Zukunft vum Gil Cajao, aktuellen Nowuestrainer a Comitésmember. Den Yves Bossers bleiwt weiderhin fir den Goalkeepertraining zoustänneg.

 

Den Gil Cajao iwerhëllt glaichzäiteg och t'Betreiung vun eis Reserve Equipe, wou den Tom Hubert no dëser Saison ophällt.

 

Dem Tom op dëser Plaatz schon e groussen Merci fir seng gutt Aarbecht.

 

Share |