Berbourg I beméiht, leider just mat engem Remis géint Wuermer 1:1 (0:0)

FC Berdenia Berbourg - FC Koeppchen Wormeldange 1:1 (0:0)

 

An engem eesäitege Match, konnten eis Jongen hier dröckend Iwwerleeënheet nët a Goaler ëmsetzen a spillen zum Schluss leider nëmme 1:1 geint den Muselveräin.

 

Am Géigensatz zu deene Matcher virdrun, hun déi Orange drockvoll ugefaangen a koumen direkt zu 3 gudde Chancen an der 1. Veirelstonn.

 

Duerch deelweis schéi rausgespillten Aktiounen no fir, koumen mer ëmmer rëm geféierlech bei de göignerechen Stroofraum: Bescht Aktioun haat den Mike Wengler an der 38.Minutt wei en aleng an de Stroofraum zitt, säin Schoss vum Keeper no hannen deviöiert gët an vun engem Wuermer Verteideger nach sou just op der Linn geklärt gët.

 

Nom Pausentéi dat selwescht Bild: Berbuerg dominant an direkt mat der Geleeënheet op d'Föierung, mee dem Mike Wengler sai Goal gouf weinst Abseits net unerkannt.

 

An der 56. Minutt koum et dunn zur 1-0 Föierung: Den Dan Huss brengt een Fräistouss aus 25 Meter punktgenau am Wenkel ënner an leisst dem Wuermer Keeper keng Chance.

 

D'Freed war allerdengs vu kuerzer Dauer wéi déi Wuermer an der 61. Minutt zum iwwerraschenden Ausgläich koumen, um zweeten Potto huet den fräistehenden Wuermer Stiermer dem Yves Bossers am Goal keng Chance gelooss.

 

Berbuerg huet sech awer net klengkréien gelooss an huet weider konsequent op den Wuermer Goal gespillt. De Pit Speltz huet et mol ganz frech an der 65. Minutt per Volley aus 30 Meter probéiert, mee den Wuermer Keeper konnt den Ball nach sou just iwwert d'Laat drécken. Den fällegen Corner huet den Dan Huss op d'Laat gekäppt.

 

2 Minutten drop konnt den agewiesselten Peter Lauer den David Klein herrlech an Szene setzen, mee och dem Klein säi Schoss get vum Keeper gehaal.

 

De läscht Grousschance haaten mer an der 88.Minutt, mee et sollt leider nemmen beim 1-1 remis bleiwen.

 

Eis Jongen hun rëm zu hierem Spill fonnt, mat vill Asaatz an Opwand goufen se awer leider net mat engem "Dräier" belount.

 

Nächsten Rendez-Vous ass dëse Freiden wou eis Reserven an der 1/4 Finall vun der Coupe des Réserves op den FC Mamer treffen. Gespillt gët um 20:00 Auer an et wier schéin, wann der eis Jongen geingt ennerstetzen kommen.

 

Eis Eischt spillt den Metwoch, 23.04 um 19:30 Auer geint dei Blo-Waiss zu Izeg.

 

FCBB: Bossers - Thies, Dias, Petry P., Kaufmann (C-62.Lauer) - Klein, Wengler, Lacroix, Speltz, Krischler - Huss (72.Schuster)

 

Réserve: Hoffmann, Lauer, Schuster, Thill

Net dobäi: Weidert, Amodio, Dahm, Hubert, Hristov, Wagner

Share |