Scolaires: Weiderhin an der gudder Spuer!

Union Remich/Bous - Entente Berbourg-Biwer 0-7 (0-4)

 

D’Uweisungen virum Match an der Vestiaire si perfekt emgesat gin.

Mir koume séier 2-0 viir duerch 2 perséinlech Goaler vum Nicolas OSWALD. Kuerz drop huet dee selwechte Spiller den Alex WELSCH um Plateau servéiert an d’Resultat as no 15 Minutten op 3-0 geklommen.

 

Am Gefill vum sëchere Gewënner huet eis Equipe awer duerno iwwert déi gesamt Distanz vum Match déi spillerech Momenter vernoléissegt.

Trotzdeem as et dem Alex WELSCH virun der Paus gelongen séin 2. Goal ze marquéieren.

 

Nom Téi huet dn Alex WELSCH séi Goal-Festival weidergefoueert mat nach zwee weidere Goaler, dorëner e wonnerbare Fräistouss an d’Kréiz.

 

De Yannick SCHROEDER huet sech mam 0-6 och konnten an d’Lëscht vun de Spiller androen déi agenetzt hun op dësem Spilldag.

 

D’Equipe huet bis elo insgesamt e ganz gudde Championnat gespillt a steet punktegläich mam CSG un der Tabellespëtz.

 

Kee Géigner huet et bis elo färdeg bruecht géint eist Team e Goal ze schéissen!

 

Equipe :

Bob SCHRANTZ (C) – Sam WAINWRIGHT, Jérôme KRING, Steven DOS SANTOS, Charel KREMER, – Leandro LOPES – Filipe PINTO, Alex WELSCH, Glenn ARTOIS – Nicolas OSWALD, Yannick SCHROEDER

 

Damien STEFFES

 

Share |