Ëmbauaarbechten am Stade Renert

Geplangte Schulkomplex um syntheteschen Terrain
Geplangte Schulkomplex um syntheteschen Terrain

Wéi eise Veräin aus Kreesser vun der Gemeng a vum Synecosport gewuer ginn ass, stinn nô der Summervakanz gréisser Ëmbauaarbechten am Stade Renert unn.

 

Bekanntlech si jo déi 2 Gemengen op der Sich nô engem Terrain fir eng nei Spillschull a Maison Relais fir d'Kanner aus dem Cycle 1. Nodiems den Ëmweltministère keng Autorisatioun ginn huet  fir en Terrain dien niewt dem Schoulkomplex Renert léit, well dô den Gartenrotschwanz virkënnt, e sielene Vugel dien ët just zu Berbuerg gëtt, muss en neien Terrain gesicht ginn.

 

Déi Verantwortlech hunn elo décidéiert fir den syntheteschen Terrain wegzehuelen, an dô dee neien Schoulkomplex ze bauen. Fir d'Schoulkanner an eis Jugendspiller ginn nô neie Méiglechkeeten gesicht.

 

Well dës Aarbechten am September sollen ufänken, an e Kran op den Haaptterrain stoë kënnt, ass och den Trainings- a Spillbetrieb fir eis 1. an 2. Equipe dann nët méi méiglech. Eng Alternativ wier, fir an de Stade Flohr op Grevenmacher auszeweichen, de Buergermeeschter vun der Gemeng Manternach wier mam CSG a Verhandlungen.

 

D'Gemeng huet awer och schons den âlen Terrain am Bongert an d'Réih gesât, esou dat eis Equipen ab September eng Alternativ hätten. En éischten Trainingsmatch huet och schons dô stattfonnt, den Terrain war an engem normalen Zoustand.

 

De Comité vum FC Berdenia Berbourg ass nët frou iwwer dës Entwecklung a rifft seng Memberen a Supporteren op, haut den Owend um 19:00 Auer un enger Informatiounversammlung an der Buvette deelzehuelen, wou iwwer weider Schrëtt décicéiert gëtt.

 

 

Gartenrotschwanz dien zu Berbuerg säin Anzugsgebidd huet
Gartenrotschwanz dien zu Berbuerg säin Anzugsgebidd huet
Trainingsmatch am Bongert
Trainingsmatch am Bongert
Share |