Berbourg 1 mat wichtegem Succès géint CeBra 3:0 (1:0)

Obschons eng Réih vun eise Spiller gespart oder verletzt waren, konnt eis 1.Equipe sech wichteg Punkten géint CeBra erkämpfen.

 

Chancen goufen et an der 1. Halschent quasi keng well sech béid Equipen wäitestgehend neutraliséiert hun. Déi Cessanger hunn et an der 11. Minutt mat engem Wäitschoss probeiert, ouni den Yves Bossers am Goal a Schwieregkeeten ze brengen. An der 35. Minutt geet e Kappball knapp laanscht eisen Goal.

 

Den Daniel Dias sollt et an der 41.Spillminutt besser maachen: No engem Corner vum Mike Krischler kann hien per Kappball den 1-0 fir eis Faarwen markéieren. An der 46. Minutt huet den Krischler baal een Corner direkt eragedréit, mee den Cessanger Keeper koum just nach mat den Fangerspetzen drun.

 

No der Paus daat selwescht Bild: Weineg Chancen op beiden Säiten mam Ennerscheed, dass den Match méi haart gefouert ginn as. Konsequenz dovunner war eng giel-rout Kaart fir een Cessanger Spiller an der 68.Minutt nodeems hien de Peter Lauer ëmgetrëppelt huet.

 

Géint 10 Mann konnten dei Berbuerger den Drock erhéigen a koumen schlussendlech an der 80. Minutt mat engem herrlechen Konter zum verdengten 2-0. De Peter Lauer scheckt den Dan Huss iwer lenks an den Stroofraum, dien den Ball per Ausserest queesch duerch den 16er op den agewiesselten David Schuster leet, den David suergt mat engem Crochet an engem onhaalbaren Schoss fir dVirentscheedung.

 

An der 87.Minutt markéieren eis Jongen den 3-0: De Peter Lauer danzt 3 Spiller am eegenen Stroofraum aus, leet an d'Mett op den Dan Huss an deen huet keng Méih den Ball ze versenken.

 

An der Nospillzäit haat den Lauer nach den 4-0 do leien, mee et sollt net sinn: säin Schoss verfehlt d'Gehäis nëmmen knapp.

 

Enorm wichtegen Succès denn sech eis Jongen mat vill Gedold an enger disziplineierter Leeschtung sëchere konnten.

 

Nächsten Sonndeg geet ët bei eis Noperen vun Berdorf/Consdorf, wou ët um 16:00 Auer lass geet.

 

FCBB: Bossers - Kaufmann (C), Petry, Dias, Thies - Krischler, Lacroix (82.Hubert), Lauer, Wengler, Thill (60.Schuster) - Huss (89.Chennaux)

 

Réserve: Hoffmann, Schuster, Hubert, Chennaux, Frondizi

 

Nët dobäi: Klein, Speltz, Weidert, Hristov, Dahm, Amodio, Wagner

Share |