Scolaires: Kee Gewënner am Spëtzematch!

Entente Berbourg-Biwer – CSG II 0-0

 

Eng weider konzentréiert Leeschtung géint den Tabelleleader vun der Musel huet et eiser Equipe erlaabt ouni Néierlag an ouni Géigegoal ganz viir am Klassement ze bleiwen.

 

Ee mat enge Reih Spiller aus der 1. Equipe verstärkten CSG huet et eisem Team schwéier gemaach am Ufank vum Match, mee hir Feldiwerléenheet respektiv hire ville Ballbesëtz konnten d‘Spiller vum CSG net a kloer erausgespillte Goalchancen emsëtzen.

 

No a no sin déi Orange besser an de Match komm an de Keeper vun deene Blo/Wäissen huet zweemol ganz gudd réagéiert bei Schëss vum ganz éifregen Nicolas OSWALD.

 

Pech hate mer an der 2. Halbzeit mat engem Laateschoss vum Raffa ALMEIDA, mee och déi vun der Musel waren zu all Moment geféierlech!

 

Eis Défense ronderem den Alex WELSCH an de Steven DOS SANTOS stoungen awer weiderhin ganz gutt an deen een oder anere Fräisstouss vu Gréivemaacher war och keng Gefor fir eise Kapitän Bob SCHRANTZ.

 

Schued as, dat den iwermotivéierten Raffa ALMEIDA 5 Minutte viru Schluss berechtechterweis déi giel/roud Kaart krut, an am nächste Match der Equipe net zu Verfügung wärt stoen.

 

Esou as de Match mat engem leeschtungsgerechte Remis ausgaangen.

 

Equipe :

Bob SCHRANTZ (C) – Jérôme KRING, Alex WELSCH , Steven DOS SANTOS, Charel KREMER, - Jo PITZEN, Leandro LOPES - Filipe PINTO, Raffael ALMEIDA, Glenn ARTOIS –Nicolas OSWALD

 

Sam WAINWRIGHT, Yannick SCHROEDER a Sam KONSBRÜCK

 

Net dobäi : Nick ASSEL an Damien STEFFES

 

Share |