Berbuerg 1 verléiert héich zu Weiler-la-Tour 6:3 (1:1)

Yellow Boys Weiler - FC Berdenia Berbourg 6:3 (1:1)

 

Eis éischt Equipe kënnt an der Réckronn net richteg an d’Rad, a kasséiert beim Tabellenvirleschten zu Weiler eng ganz batter Néierlag.

No engem drockvollen Ufank koumen déi Weiler mat hirer éischter geféierlecher Chance zur Féierung, wei an der 17.Minutt een Goalschoss duerch 4 Verteideger vun hallefrietser Säit säin Wee an den laangen Eck fonnt huet.

Gréisser Goalchancen sinn ausbliwwen, bis op een gudden Waitschoss vun den Yellow Boys, deen awer an den Corner deviéiert gouf.

Kuerz virun der Paus gouf den Peter Lauer iwwerhaart kuerz virun der Stroofraumgrenz vun den Been geholl an den Dan Huss konnt den fällegen Fräistouss gefillvoll zum 1-1 rasetzen.

 

No der Paus, an der 48.Minutt, koumen déi Berbuerger direkt duerch een schéint Zesummespill tëschent dem David Klein an Dan Huss zu enger gudder Geleeënheet. Kuerz drop waren et awer déi Weiler, déi duerch een Kullerball rëm an Féierung konnten goen, wei an eiser Defense villes schif gaangen ass. Nach méi batter koum et an der 53.Minutt, wéi deenen Weiler een zweiwelhaften Handelefmeter zougesprach ginn ass, déi se zur 3-1 Féierung rasetzen konnten.

Déi Berbuerger hunn nach probéiert sech ze wieren an konnten sech 2 richteg gutt Chancen rausspillen (Thies an der 58.Min., Klein an der 64.) ier d'Haushären duerch een onglécklechen Selbstgoal an der 68. hier Féierung op 4-1 ausbauen konnten.

An der 72. Minutt konnt den Klein den 4-2 markéieren.

Freed war allerdéngs vun kuerzer Dauer, wei déi Weiler an der 80. Minutt duerch eng schéin rausgespillten Aktioun den 5-2 markéieren. 4 Minutten drop war et rëm den Klein deen den Uschlosstreffer markéiert, nodeems en vum Lauer schéin an Déift ugespillt ginn ass.

Schlusspunkt setzen déi Weiler an der 90. Minutt mam 6-3.

 

Sou eng Prestatioun as nët schéin nozekucken an et ass schued ze gesinn, dass eis Jongen net un déi formidabel Hironn uknäppen kennen. Ët ass awer net fir de Kapp hänken ze loossen, a mir hoffen all, dat eis Spiller sech fänken a Selbstvertrauen gewannen. 

 

FCBB: Hoffmann - Petry (66.Dahm), Dias, Lacroix (C), Krischler (61.Kaufmann) - Thies, Wengler, Huss, (72.Thill), Speltz, Klein - Lauer

 

Réserve: Bossers, Kaufmann, Dahm, Thill

 

Net dobai: Weidert, Amodio, Hubert, Hristov, Schuster, Wagner

Share |