Scolaires : Asatz+Konzentratioun+Glëck = 3 Punkten beim Favorit!

Daring Echternach - Entente Berbourg-Biwer 0-1 (0-0)

 

Eng taktesch Ëmstellung, zesummen mam néidege Glëck, dat eis ersatzgeschwächten Equipe sech awer viirbildlech erkämpft huet, hunn no 70 Minutten zu 3 weideren Punkten gefouert.

 

Déi éischt zwanzeg Minutten konnt eis Equipe och spillerech ganz gudd mathalen mee leider konnt eis eenzeg Stuermspëtz de Nicolas OSWALD, deen e schwéiere Stand hat, dréi gutt Chancen nët notzen.

 

Duerno as déi kierperlech Iwerléenheet vum Daring ëmer méi kloer gin, mee mir konnten de 0-0 an d’Paus retten. E Fräistouss vum Steven DOS SANTOS kuerz virum Téi huet leider just d’Laat getraff.

 

Am zweeten Duerchgang, wou eis Equipe ëmmer méi ënner Drock geroden as, an nach just vereenzelt Aktiounen konnt nô vir gestalten, huet eise souveräne Keeper Bob SCHRANTZ eis Equipe mat zwou super Interventiounen am Match gehaal.

 

D’Kréinung koum kuerz viru Schluss wou de Nicolas OSWALD eng Pass vum Raffa ALMEIDA mat engem herrleche Schlenzer an de Wënkel zum vill emjubelten 0-1 konnt erasetzen.

 

Den Daring huet weiderhin alles probéiert mee et sollt net sinn fir sie.

Kompliment un déi ganz Equipe !

 

Equipe :

Bob SCHRANTZ (C) – Jérôme KRING, Alex WELSCH , Steven DOS SANTOS, Charel KREMER, - Jo PITZEN, Leandro LOPES - Filipe PINTO, Raffael ALMEIDA Glenn ARTOIS –Nicolas OSWALD

 

Sam WAINWRIGHT a Sam KONSBRÜCK

 

Net dobäi : Nick ASSEL , Yannick SCHROEDER an Damien STEFFES (verletzt)

 

Share |