Berbuerg verléiert onglécklech géint Remich/Bous 1:2 (1:0)

FC Berdenia Berbourg - Union Remich/Bous 1:2 (1:0) 

 

Eis éischt Equipe konnt net un déi gutt Performance vun der Virwoch uknäppen a verléiert hiren Heemmatch mat 1-2 (1-0) géint den Opsteiger vun Remich/Bous.

 

Den Match ass direkt gutt ugaang, wei den Peter Lauer no 9 Minutten konnt den 1-0 fir eis Faarwen markéieren. Vum David Klein schéin an Szene gesat, kann de Peter alleng op de Keeper goen a léist dësem bei sengem plazéierten Schoss aus 12 Meter keng Ofwierchance.

 

Duerno sinn eis Jongen och weiderhin déi méi aktiv Equipe bliwwen an hunn sech eng Rei deelweis ganz gutt Chancen eraus gespillt, déi awer alleguerten net konnten verwäert ginn.

 

Sou ass et «just» mat engem 1-0 an t’Paus gaangen.

 

Nom Téi sinn déi Remicher wei ausgewiesselt aus der Kabinne komm an hunn och direkt t’Heft an t’Hand geholl. Leedeglech vereenzelt Entlaaschtungsugreffer konnte mir entgéint setzen, mee och do sollt näischt zielbares dobäi eraus sprangen.

 

An der 65 Minutt ass dunn dat passéiert wat an der Loft houng:

 

No enger Standardsituatioun kréie mir de Ball net degagéiert an via ofgefälschten 16 Meterschoss glëngt Remich/Bous den Ausgläich.

 

Déi ganz kal Dusch koum just 3 Minutten drop wei nees no engem Fräistouss de Remicher Stiermer um 5 Meter un de Ball kënnt an dësen zum 2-1 erasetzt.

 

Mat 2 Auswiesslungen huet den Trainer probéiert nach emol neien Elan an eis Equipe ze bréngen, mee och déi Moossnahmen hunn net zum gewënschten Erfolleg gefouert.

 

Um Enn steet domat déi éischt Heemdefaite fir dës Saison fest a mir mussen kucken fir an deenen kommende Matcher nees méi konzentréiert ze ageiren an och eis Chancen nees mei konsequent ze notzen.

 

Déi éischt Geleeënheet dofir bidd sech nächste Sonndeg, den 23. Mäerz, wa mir um 16 h zu Weiler mussen untrieden.

 

Kommt an ënnerstëtzt t’Jongen bei dësem wichtegen Auswäertsmatch.

 

Equipe:

 

Hoffmann – Thies, Petry, Dias, Krischler – Klein, Speltz, Amodio (70 Thill), Wengler (45 Lacroix), Kauffmann (C, 75. Dahm) – Lauer

 

Reserve:

 

Hristov, Dahm, Hubert, Lacroix, Thill

Share |