Berbuerg spillt Remis géint US Esch 1:1 (0:0)

US Esch - FC Berdenia Berbourg 1:1 (0:0)

 

Bei herrlechem Fréijoerswieder a wei gewinnt villen matgereesten Berbuerger Supporteren spillt eis éischt Equipe 1-1 géint t’US Esch.

 

Den Trainer huet 2 Ännerungen an der Opstellung virgeholl: Fir den gespaarten Pol Petry huet den Serge Thies ugefaang a fir den verletzen Charel Weidert huet den Steve Lacroix gespillt.

 

Déi éischt véirel Stonn hunn béid Equipen sech ofgetaascht, ouni dat nennenswäert Goalchancen dobäi rauskoumen.

 

Ab do huet Esch en optescht Iwwergewiicht um Terrain gehat, a virun allem hir Standards waren ganz geféierlech. Su setzt hiren technesch staarken Mëttelfeldspiller e Fräistouss aus 18 m un t’Lat, een aneren kann den Joël Hoffmann mat enger Glanzparade an de Corner deviéieren.

 

Den uschléissende Corner kläert de Pit Speltz op der Linn.

 

Aus dem Spill eraus hunn béid Equipen kleng Chancen gehat, déi awer och net zum Erfolleg gefouert hunn.

 

Sou ass et mat 0-0 an t’Paus gaang.

 

Zuschauer haten hiren Mini an hiren Wupp an der Paus nach vertilgt wei et um Terrain gerabbelt huet: 47 Minutt, nees Fräistouss fir t’US Esch knapp un der Strofraumgrenz, de Ball segelt iwwert t’Mauer a schléit am Kräiz an. Näischt ze mann, 1-0 fir Esch.

 

Berbuerg huet sech ab do méi zougetraut, sou koumen si an der 60 Minutt zu enger gudder Chance, wei de Mike Krischler e wäite Ball an de Strofraum spillt, de Manuel Kauffmann leet propper mat der Broscht op de Klein of, deen net laang zëckt an de Ball volley hëlt. Den Escher Keeper konnt de Ball awer a Corner deviéieren.

 

Kuerz drop kritt och Berbuerg e Fräistouss un der Strofraumgrenz zougesprach:

 

Den Dan Huss trëtt un, mee säi Schoss gëtt vun der Mauer geblockt.

 

An der 70, nees Fräistouss fir Berbuerg, dës Kéier duerch de Mike Wengler : Sai Ball fënnt den Dan Dias, deen awer driwwer käppt.

 

Duerno hunn déi Escher hir technesch Iwwerleeënheet e puer mol opblëtzen gelooss, mee hir Ofschlëss waren entweder net cadréiert oder den Hoffmann huet se gehal.

 

D' Zäit ass eisen Jongen sou lues fortgelaf. An der 85. spillt den Huss e schéinen Ball an t’Déift op den agewiesselten Yves Dahm, dien direkt ofzitt, mee nees huet de gudden Escher Keeper gehal.

 

An der 86. gëtt den Peter Lauer eng 25 Meter virum Goal vu gläich 2 Leit an d'Zaang geholl an et gëtt nees e Fräistouss fir Berbuerg. Den Dan Huss hëlt sech där Saach un a versenkt de Ball relativ kompromisslos an de lenke Wénkel.

 

Déi Escher hunn doropshin mat wëllen Ugrëffer reagéiert a kommen an der 88 Minutt zu enger grousser Chance, wou no engem Schoss aus dem Gewulls eraus de Joël Hoffmann gutt kläert, an duernô gläich 2 Noschëss op der Linn gekläert ginn.

 

Den uschléissende Konter iwwert Lauer, Hubert a Klein kann leider net ganz ausgespillt ginn.

 

An der Nospillzäit sollt sech dunn nach emol t’Chance bidden, de ganzen Asaz mat op Berbuerg ze huelen: De Peter Lauer flankt vu riets an dem David Klein säi gudde Kappball lant leider nëmmen um Potto.

 

Kuerz drop war Schluss an eis Jongen kennen mat eng verdéngte Punkt heemfueren.

 

Nächste Sonndeg geet et nees mat engem Heemmatch weider. Um 16 h kënnt den aktuellen Tabellendrëtten vu Remich/Bous bei eis op Besuch.

 

Equipe

 

Hoffmann – Thies, Lacroix, Dias, Krischler – Klein, Speltz (72, Amodio), Wengler, Kauffmann (C, 70 Dahm) – Huss (86, Hubert), Lauer

 

Reserve : Bossers, Amodio, Dahm, Hubert

Share |