Remis um Fuessamsdeg géint d’Union Mertert Wasserbillig 2:2 (2:2)

FC Berdenia Berbourg – US Esch 2:2 (2:2)

 

 

No der héiger 5:0 Defaite um éischten Spilldag géint den FC Mondercange, hunn iwwer 200 Zuschauer um Fuessamsdeg am Stade Renert zu Berbuerg, e spannenden an ofwiesslungsräichen Match gesinn, dee mat engem insgesamt gerechten 2:2 ausgaangen ass.

 

No e puer gudden Aktiounen an den Ufanksminutten vu Berbuerg, konnt d'UMW schonns an der 10. Minutt mat hirer éischter Chance eng Flank vu riets virun de Berbuerger Goal brengen. Um zweete Potto spréngt de Stiermer méi héich wéi eis gesamt Ofwier a kann zum 1-0 erakäppen.

 

An der 14. Minutt gëtt e Fräistouss vum Pit Speltz aus dem lénken Halleffeld getrëppelt, deen awer direkt vun der Bëlleger Ofwier deviéiert gëtt, an de Fouss vum Mike Wengler. Mat deem sengem Lob iwwert d'Ofwier kennt de Ball zréck bei de Pit Speltz deen mat an de 16er gelaf ass, an dorops hin mat engem Centre en retrait de Ball virun de Goal gëtt, wou als éischt de Peter Lauer derlaanscht rutscht, hannendrun den David Klein awer goldrichteg steet fir den 1-1 ze markéieren.

 

Duerno eng Rei richteg gutt Aktiounen op Berbuerger Säit déi dozou gefouert hunn dass d'Heeméquipe déi éischt Halschent nom fréien Réckstand dominéiert huet.

 

Et war dann och an der stäerkster Phase vun den Berbuerger wou si 2-1 Féierung erzielen konnten. No enger Balleroberung am Mëttelfeld war et op en Néits den Mike Wengler dien mat engem laangen Ball iwwert déi géigneresch Defense den David Klein fennt. Dësen hellt den Ball un an konnt onbedrängt vun 15 m an den laangen Eck ofschléissen.

 

Uschléissend hunn di Berbuerger den Tempo bëssen aus dem Match geholl, an et ass méi haart gekämpft ginn, wat eng Partie giel Kaarten op béiden Säiten mat sech bruecht huet.

 

An der 26 Minutt ass et nees de gutt opgeluechten David Klein deen am 16ter un den Ball kënnt, awer vun der géignerescher Defense relativ haart gestoppt gëtt, mee den 11-Meter Pëff ass allerdings ausbliwwen.

 

D’UMW ass duerno erëm besser an den Match komm, sou koumen si gläich zou puer Chancen, déi awer vun eiser Defense gestoppt goufen. An der 43. Min war et dunn awer esou wäit, wéi e géigneresche Spiller e laangen Ball hallef-héich an den Strofraum spillt, eisen Keeper den Ball net richteg konnt festhalen, sou dass am Gewulls den 2:2 gefall ass.

 

Déi 2 Halschent war net méi sou räich un Goalchancen wéi déi éischt. An der 59. Minutt war et op en Neits den David Klein, deen mat engem flaachen Schoss aus 18 m den Goalkeeper vun der UMW getest huet. An der 70 min kennt d’UMW zou engem Fräistouss aus zentraler Positioun ronn 20 m virum Goal, deen allerdings iwwert den Goal geet. An der 79 min dunn awer nach eng lescht Chance fir d’UMW wéi se eisen Keeper mat engem Distanzschoss testen, deen den Joël Hoffmann sehenswert konnt halen.

 

Insgesamt war déi 2. Halschent méi vun den Zweekämpf dominéiert, sou dass et och ëfters zou Ënnerbriechungen am Spill komm ass.

 

Um Enn steet en leeschtungsgerechten 2-2 am Derby tëscht den Berbuerger an dem Fusiounsveräin vun der Musel. Och wann den Derby erwaardungsgemäß haart ëmkämpft war, sou ass et awer sportlech fair erof gaangen. Och den Arbitertrio huet eng gutt Leeschtung gewisen.

 

Eis Equipe huet sech nom Match géint Monnerech erëm gutt zeréckkaft, a konnt mat enger gudder Leeschtung dësen Punkt huelen.

 

Den nächste Match ass e Sonndeg, 9. Mäerz 2014 um 16:00 Auer auswäerts géint d’US Esch.

 

Opstellung: Hoffmann – Petry, Weidert (30. Thies), Dias, Krichler – Klein, Speltz, Wengler, Kauffmann (C, 70. Schuster) - Huss (80. Lacroix), Lauer

 

Reserve: Hristov, Lacroix, Thies, Schuster, Thill

 

 

Share |