Keng Chance béim Réckronnenoptakt: 5-0 Defaite zu Monnerech

FC Mondercange - FC Berdenia Berbourg 5:0 (2:0)

 

Viru ganz ville matgereeste Berbuerger Supporter konnten eis Jongen op engem schwéieren a rëtschegen Terrain géint eng technesch gutt Monnerecher Equipe net iwwerzeegen.

 

Déi éischt richteg Chance vum Match haten awer déi Berbuerger, wéi an der 6. Minutt eng Flank vu riets op den D. Huss kënnt, deen mam Kapp riwwer op de D. Klein leet, awer aus kuerzer Distanz nëmmen d’Aussennetz trefft.

 

Vun hei un sinn déi Monnerecher ëmmer besser an d’Spill komm a konnten direkt e puer mol mat techneschen Eenzelaktiounen zu diverse Goalschéss kommen, besonnesch aus der Distanz. Esou war et dann och an der 13. Minutt, wéi e stramme Wäitschoss vun eisem Goalkeeper net konnt festgehalen ginn, an de géignereschen Diop am séierste reagéiert huet fir zum 1-0 eranzesetzen.

 

An der 22. Minutt, scho rëm e gudde Schoss aus der Distanz, des Kéier flaach iwwert de Buedem, deen de J. Hoffmann awer konnt an de Corner deviéieren.

 

Eng vun de raren Berbuerger Chancen hat den D. Huss an der 36. Spillminutt wou hien de Ball um 16er kritt an direkt oofzitt, de Ball awer wäit iwwert de Monnerecher Goal geet.

 

Mat engem Sonndesschoss vun de Monnerecher gëtt déi éischt Halschent ofgepaff. An der 45. Minutt kritt eis Ofwier de Ball direkt e puer mol net richteg degagéiert sou dass de Monnerecher Gonçalves vu gutt 25 Meter de Ball am Netz ënnerbréngen kann.

 

Och an der zweeter Halschent setzt sech d’Spill an d’Rolleverdeelung vun den éischte 45 Minutten fort. An der 51. Minutt markéieren déi Monnerecher den 3-0 per Kapp no engem Corner. An der 61. konnt déi technesch staark Monnerecher Offensiv hiert Talent rëm weisen wéi hiren Stiermer Bei de J. Hoffmann säitlech aus dem 16er iwerlupft an zum 4-0 erasetzt.

 

Zwou Minutten méi spéit rëm eng gutt Aktioun iwwer lenks mat enger Flank an d’Mett wou de Monnerecher Stiermer de Goal aus spatzem Wénkel awer nëmmen knapp verfeelt. Am Géigenzuch hunn déi Berbuerger séier no vir gespillt wou den D. Huss den D. Klein schéin an de Laf schéckt dorops hin awer nëmmen onglécklech un de Potto setze kann.

 

An der 75. Minutt gëtt et dann nach eng aussiichtsräich Szen fir eis Jongen wou den A. Thill de Ball an d’Mett virun de Goal geluecht kritt, dunn awer leider déi läschte Konzentratioun gefeelt huet fir de Ball a Richtung Goal ze bréngen.

 

Sou ass et dann komm dass déi Monnerecher de Schlusspunkt an der 86. Minutt gesat hunn, wou den Sidi Baba de Ball zum 5-0 iwwert d’Linn schärt nodeems säin Coequipier sech no enger staark abseitsverdächteger Positioun konnt géint eis Ofwier duerchsetzen.

 

Ofschléissend bleift festzehalen dass et sou eng Deeg ginn wou een näischt zegutt huet. No vir kucken heescht et, an den nächste Match eng besser Virstellung ze bidden an Teamgeescht ze weisen.

 

Den nächste Match vum Championnat ass schons e Samschdeg, 1.Mäertz 2014 um 18:00 Auer  zu Berbuerg am Lokladerby géint eisen Noper Union Mertert/Wasserbillig.

 

Opstellung: Hoffmann – Dias, Kaufmann (C, 63. Dahm), Petry, Weidert – Klein (71. Thill), Speltz, Wengler (59. Amodio) – Huss, Lauer

Reserve: Bossers, Amodio, Dahm, Thies, Thill

 

Share |