Transferten an der Wanterpause

2 nei Spiller  wäerten den den FC Berdenia an der Wanterpause verstärken.

 

Wéi schons an der Presse an op dësem Site ugekennegt, wiesselt den Dan Huss vum CS Grevenmacher bei den FC Berdenia Berbourg. Mam fréieren Nationalspiller a Fussballer vum Joër, dien ausser zu Grevenmacher och béi Standard Liège an dem FC Kaiserslautern gespillt huet, kritt eise eng gutt Verstärkung.

 

Eng âner Verstärkung ass de Keeper Georgi Hristov, dien an der Nowuesakademie vum bulgareschen Eischtligist Lokomotiv Plovdiv gespillt huet, an elo op Berbourg wiesselt.

 

Et sinn awer och 3 Spiller déi eise Veräin verloossen.

 

De Berni Sequeiros wiesselt fir t'Réckronn bei den FC Jeunesse Biwer, an de Filipe Dias mëcht och en Transfert temporaire bei den FC Olympia Chrëstnech.

 

Desweideren geet den Nils Steimetz zreck bei den FC Bollendorf.

 

Deene neie Spiller wënsche mir vill Erfolleg a Freed béi eis, deene Spiller déi fortginn, merci fir t'Leeschtungen, dei sie fir eis bruecht hudd, an hinnen bonne chance fir Zukunft.

Share |