Georgi Hristov, 2ten Neizougang an der Wanterpause

Georgi Hristov
Georgi Hristov

Den 19 Joer aale Goalkeeper Georgi Hristov wiesselt am Wanter aus senger bulgarescher Heemecht bei den FC Berdenia Berbourg.

 

De Georgi huet bis dëse Summer an der Nowuesakademie vum bulgareschen Eischtligist Lokomotiv Plovdiv gespillt, a sech dunn entscheed op Letzebuerg studéieren ze kommen.

 

Hien trainéiert schon zanter September bei eis mat, a wäert eis ab der Réckronn eng zousätzlech Alternativ op der Goalkeeperpositioun sinn.

Mir heeschen den Georgi härzlech wëllkomm a wënschen him eng schéin an erfollëgräich Zäit bei eis am Club.

Share |