Scolaires: Gläichspill um leschte Match fir 2013!

RM Hamm/Benifca - Entente Berbourg/Biwer 2:2 (1:1)

 

Leider as et eiser Equipe net gelongen di 3 Punkten iwert d'Distanz ze retten nodeem den Ausgläich fir d’Heeméquipe an der leschter Minutt gefall ass.

Fairerweis as awer festzehalen dat Hamm sech dee Punkt opgrond vun hirer kämpferescher Leechtung verdingt huet. Eis Equipe huet et net verstann hir Dominanz a Goler emzesetzen.

 

Bei enger Reih vu Spiller huet di néideg Konzentratioun gefehlt, bei aneren war den Asatz net deen wéi e soll sin.

 

Eis 2 Goler huet, eemol méi, de ganz gutt opspillenden Nicolas Oswald geschoss.

Trotz dësem wéineg iwerzeegenden Optrieden, haale mer fest dat d’Saisonsziel - Opstieg- erreecht gouf!

 

Equipe :

Bob SCHRANTZ (C) – Jérôme KRING , Steven DOS SANTOS, Sam KONSBRÜCK – Leandro LOPES, Kadir AAKRAM - Filipe PINTO, Glenn ARTOIS, Raffael ALMEIDA, Nicolas OSWALD an Alex WELSCH

Nick ASSEL, Charel Kremer , Yannick SCHROEDER, Damien STEFFES, Jo PITZEN a Sam WAINWRIGHT

Net dobäi : Serge KINNEN (verletzt)

Share |