Dan Huss wiesselt op Berbourg

Den Dan Huss kritt säin neien Trikot vum Präsident vum FC Berdenia Berbourg Claude Wampach iwwerreecht
Den Dan Huss kritt säin neien Trikot vum Präsident vum FC Berdenia Berbourg Claude Wampach iwwerreecht

Den FC Berdenia verstärkt seng Seniors Equipe an der Wanterpaus mam Dan Huss. De 34-jähregen Stiermer wiesselt vum Nôpeschveräin CS Grevenmacher bei den FC Berdenia Berbourg.

 

Den Dan huet a senger Vita nët manner wéi 364 Matcher an der Nationaldivisioun mat beandrockenden 228 Goaler virzeweisen, a kann och op eng 42 Selektiounen an der lëtzebuerger Nationalequipe zreckkucken, woubäi him 2 Goaler gelongen sinn.

Hien huet mat Grevenmacher am Jâr 2003 den Doublé geholl, 2008 nach émol d’Coupe gewonn a gouf 2003 an 2010 mat jeweils 22 Goaler “meilleur buteur” an der Nationaldivisioun. 2010 gouf den Dan Huss och zum Fussballer vum Joer gewielt.

 

Nodeems hien seng ganz Carrière beim CSG verbruecht huet, mat Ausnahm vun 2 Saisonen wou hien an der Jugend vum Standard Liège an 1 FC Kaiserslautern gespillt huet, sicht den Dan elo eng nei Erausfuerderung, a mir sinn als Veräin houfreg, dat hien sech entscheed huet, dëst zu Berbourg ze machen.

 

Mir heeschen den Dan härzlech wëllkomm zu Berbourg a wënschen him vill Freed an Erfolleg an eisem Veräin.

Share |