Berbourg I marschéiert weider: 2:1 (1:0) Victoire zu Uewerkuer

Luna Oberkorn - FC Berdenia Berbourg 1:2 (0:1)

 

De super Laaf vun eiser 1. Equipe geet monter weider. Dei Uewerkurer haaten awer den besseren Start a koumen an der 15. Minutt duerch een Laatentreffer no engem Fräistouss, an an der 21. Minutt duerch eng Direktopnahm déi de Goal nëmmen knapp verfehlt, zu 2 richteg gudden Chancen.

 

Dono war et un den Orangen: Den Serge Thies huet an der 22. Minutt mat engem Wäitschoss déi 1. Kéier fir Gefor gesuergt. 10 Minutten drop huet den Peter Lauer mat engem platzéierten Flaachschoss den Uewerkuerer Keeper getest. An der 37. Minutt war et den Mike Wengler dee mat sengem Wäitschoss um Keeper hänke bliwen ass.

 

An der 41.Minutt war et den Mike Krischler, deen een Fräistouss aus 30 Meter genau konnt am Kraiz ënnerbrengen an sou den 0:1 markéieren.

 

No der Paus haaten d'Spiller aus dem Süden Pech, wei se nëmmen den Potto getraff hun. Et sollt fir laang Zäit hier läschten Chance bleiwen.

 

An der 60.Minutt haaten dei Berbuerger e ganz gudden Konter: Den agewiesselten David Klein konnt duerch eng super Pass queesch iwert den Terrain den Manuel Kaufmann aleng op d'Rees schecken, deen awer am läschten Moment um Keeper scheitert.

 

Ähnlech Aktioun an der 77. Minutt: Rëm eng super Diagonalpass vum Klein op den Speltz, deen um 16er ee Spiller ëmdribbelt an drëschen an den laangen Eck zum 0-2 annetzt.

 

Een weideren vilverspriechenden Konter konnt den Lauer an der 88.Minutt leider nët verwerten. Spannend gouf et nach eng Kéier an der 90.Minutt, wéi Uewerkuer duerch eng Onachtsamkeet nach den Uschlosstreffer markéieren konnt, dono awer nei mei entscheedend fir Gefor gesuergt huet.

 

Sou as et bei der nächster Victoire bliwwen. Een grandiosen Schlussspurt an der Hinronn vun den Berbuerger mat 16 vun 18 meiglechen Punkten.

 

Bravo !

 

Leschte Match vun der 1.Equipe as e Mëttwoch, de 27. November 2013 um 19h30 zu Mensdorf an der Coupe FLF. De Freiden ass dann och den leschte Match vun der 2. Equipe, doheem um 20h00 geint Wëntger

.

FCBB: Hoffmann - Krischler, Weidert, Dias, Thies - Kaufmann (C, 71.Speltz), Amodio, Lacroix (81.Hubert), Wengler, Dahm (58.Klein) - Lauer

 

Réserve: Bossers, Speltz, Klein, Hubert

Nët dobäi: Frank, Schuster, Petry, Wagner, Guth, Sequeiros

Share |