D'ass Kiermes am Duerf: Berbuerg I wennt 2:1 (2:1) géint den CSO

Um Berbuerger Kiermessonndeg konnten eis Jongen op een Neits iwwerzeegen an hiren méi wei positiven Laf bestätegen.

Kuerz no Upaff, an der 3. Minutt, huet et awer als éischt net dono ausgesinn, wei déi Uewerkuerer den freien 0-1 markéieren konnten, dëst nodeems den Ball net entscheedent gekläert ginn ass an déi uschléissend Flank dono den Wee op den géignereschen Stiermer fonnt huet, deen géint den Laf vum Joel Hoffmann am Goal konnt markéieren.

 

No där Aktioun hun dei Berbuerger awer onbeandrockt op den Ausglaich gedreckt. Den Serge Thies haat an der 8. Minutt dei bis dato beschten Chance, mee sain Schoss aus knapp 16 Meter as vum Keeper devieiert ginn.

 

An der 14. Minutt koumen déi Orange zum Ausgläich: No engem gudden Fräistouss vum Mike Wengler koum den Charel Weidert net zum Goaloofschloss, en spillt awer den Peter Lauer un, deen et sech net huelen léisst an aus 10 Meter den Goal schéisst. 2 Minutten drop verpasst den CSO ganz knapp den Goal, wei een gefeierlechen Schoss knapp iwert eisen Goal geet.

 

An der 26. Minutt sin eis Jongen dunn an Féierung gaangen: den Lauer spillt vun lenks den Ball zréck op den Wengler, deen per Direktopnahm ofzitt: den Ball gëtt oofgefälscht an schléit onhaalbar zum 2-1 an. Grouss Chancen goufen et weider keng mei, bis op een gudden Konter an der 44.Minutt, wei den Lauer sech vun der Mettellinn un geint 3 Mann duerchsetzt, awer leider um Keeper hänken bleiwt.

 

An der 2. Halschent stoungen déi Berbuerger grondzolitt hannendran, an konnten sech op punktuell Konteren limitéieren. Den CSO ass ëmmer méi verzweiwelt an huet nemmen nach mat laangen Bäll an d'Spëtzt probéiert duerchzekommen, dëst ouni Succès. Geféierlech waren se just nach op Standardsituatiounen, wou den Hoffmann direkt zweemol huet missten agräifen (71. an 82. Minutt). Den Berbuerger hier Konteren sinn och ongenotzt bliwwen: Lauer (61.+81. Minutt) sou wei den Matteo Amodio (74.) konnten gutt Chancen net méi verwäerten an sou as et um Enn beim verdengten Endresultat bliwen.

 

Eng weider Victoire fir eis Jongen, déi sech mëttlerweil am ieweschten Tabellendrettel festgebass hunn.

 

Interessant Fakten gin et dann och nach:

Berbuerg ass déi eenzeg Equipe an den 2 Bezierker vun der 1.Divisioun ouni Heemneierlaag an huet aus deenen leschten 5 Matcher ganzer 13 vun 15 Punkten geholl: RESPEKT !!!

 

Leschten Championnatsmatch vun der Hironn as den Sonnden um 14:30 Auer beim Iwwerraschungszweeten Luna Oberkorn ier d'Hironn den Mëttwoch, 27.11 an der Coupe FLF zu Mensdorf um 19:30 Auer op een Enn geet.

 

FCBB: Hoffmann - Kaufmann (C), Dias, Weidert, Thies - Krischler, Wengler, Lacroix, Amodio, Klein (46.Dahm) - Lauer

Réserve: Bossers, Dahm, Schuster, Thill

 

Net dobäi: Speltz, Hubert, Wagner, Frank, Petry, Guth, Sequeiros

Share |