Berbourg I stierzt de Leader: 0:1 (0:0) Victoire géint Lamadelaine

FC Titus Lamadeleine - FC Berdenia Berbourg 0:1 (0:0)

 

Am "Stade Municipal" zu Péiteng konnt den FC Berdenia eng enorm wichteg Victoire afueren.

 

Virun just 80 Payanten haaten dei Berbuerger den besseren Start erwëscht a koumen an der 2. Minutt zur éischter gudder Geleeënheet, wei den Pit Speltz aus zentraler Positioun den David Klein iwert riets an Szen setzt, deen säin Schoss aus hallefrietser Positioun am Stroofraum awer leider verzitt. No 10 Minutten waren et awer d'Haushären, dei d'Heft an d'Hand geholl hun an den Match domineieren.

 

Sie koumen an der 10.Minutt zu enger gudder Kappballchance no engem Corner. An der 22. konnten se een laangen Ball an d'Déiwt net entscheedent verwerten an treffen just d'Aussennetz. An der 34. Minutt konnten dei Berbuerger een schnell gespillten Konter iwert lenks net ausspillen, wei den Peter Lauer um geignereschen Keeper hänke bleiwt. Bis zur Paus sollten daat dei eenzeg nennenswert Aktiounen bleiwen.

 

Nom Pausentéi haaten d'Spiller vum Titus weider mei Ballbesëtz, konnten deen allerdengs net verwerten, well se et duerchgehend mat laangen Bäll versicht hun, dei eis Défense ëmmer rëm ooffänken konnt. An der 57. Minutt goufen se dunn zurecht bestrooft, wei hieren Stiermer weinst senger 2. theatralescher "Schwalb" dei giel-rout Kaart gesin huet. Dëst sollt definitiv nët dei läscht Simulatioun an der hektescher Schlusshallefstonn bleiwen . . .

 

Interessanterweis war déi deziméiert Lamadelainer Equipe wiesentlech méi geféierlech wéi virdrun. Sie hun den Drock erhéischt, sou dass dei Berbuerger guer net mei aus hierer Hallschent rauskomm sin. Dei 72. Minutt konnten sech dei Orange leisen an gefeierlech no fir spillen, mee dem Speltz sain Schoss sollt den Goal wait verfehlen.

 

An der 76. Minutt sollt et besser goen: den grad agewiesselten Yves Dahm spillt vun riets den Matteo Amodio (4 Minutten virdrun agewiesselt) an der Mett un, deen kuckt, hellt sech een Härz an zitt aus baal 30 Meeter oof. 0-1 Berbourg !

 

No eiser Féierung war Lamadelaine geschockt, an huet emmer méi den Fuedem am Match, mee virun allem och an der eegener Disziplin verluer: Bei all Zweekampf gouf sech theatralesch faalen gelooss an gemeckert. Bis den Arbiter es genuch haat an den 2. Heemspiller mat giel-rout an der 89. Minutt duschen scheckt. Sou gouf dunn och äusserst pünktlech an der 90. Minutt oofgepaff.

 

Formidablen Exploit vun eisen Jongen, dei vlaicht net hieren beschten Match gespillt hun, awer duerch hier exzellent disziplinaresch Leeschtung dem Tabellenleader, am Endeffekt verdengt, Punkten klauen konnten an sech domadder op dei 4. Tabellenplaatz katapulteiert hun.

 

Nächsten Sonnden spillen mer doheem geint den Promotiounsoofsteiger CS Uewerkuer am Stade Rénert, mee OPGEPASST, schon um 15:00 Auer, weinst dem Match owes vun eiser Nationalequipe.

FCBB: Bossers - Kaufmann (C), Weidert, Dias D., Thies - Krischler, Lacroix (72.Amodio), Speltz (84. Frank), Wengler, Klein (75.Dahm) - Lauer

Réserve: Amodio, Dahm, Frank

Net dobäi: Hoffmann, Hubert, Wagner, Guth, Sequeiros, Schuster, Petry P.

Share |