Scolaires: Réckschlag fir eis Equipe!

 

Entente Berbourg/Biwer – Daring Echternach 1:6 (1:4)

 

 

Den Derby géint Iechternach war eigentlech no 10 Minutten schons gelaf. Mir si net wi gewinnt an de Match komm, an d‘Equipe konnt d‘Onsëcherheet an hirem Spill iwert déi 70 Minutten nie ofleeën.

 

Et war en Dag, wéi et der gin am Sport: et as einfach net gerullt !

 

De Goal fir eist Team huet de Kaadir AKRAM op Fräistouss hin geschoss.

 

 

Et gëllt deemno dëse Match schnell ze vergiessen a géint Uespelt nächste Weekend di néideg Reaktioun ze weisen.

 

D’Qualitéit vun eiser Equipe as och no esou engem Match absolut net a Fro gestallt !

 

 

Equipe: Bob SCHRANTZ (C) – Jérôme KRING, Kadir AAKRAM, Sam WAINWRIGHT – Raffael ALMEIDA, Leandro LOPES – Filipe PINTO, Steven DOS SANTOS, Alex WELSCH – Nicolas OSWALS, Yannick SCHROEDER

 

Glenn ARTOIS, Charel KREMER a Jo PITZEN

 

 

Net dobäi : Serge KINNEN (verletzt) , Sam KONSBRÜCK (krank) an Damien STEFFES

 

 

Share |