Berbourg an Itzeg spillen Remis 2:2

Photo: Fräntz Leruth
Photo: Fräntz Leruth

 

FC Berdenia Berbourg - Blo-Weiss Itzeg  2:2 (1:1)

 

 

An engem deelweis schwache Match bei reenereschem Wieder konnte béid Equipen net wierklech iwwerzeechen. Et waren awer virun allem déi Berbuerger déi an der éischter Halschent liicht besser am Match waren a vereenzelt zu Goalchancen komm sinN.

Nô   engem Fräistouss op Berbuerger Säit an engem op Itzeger Säit, déi allenzwee net konnten verwäert gin, war et an der 15. Minutt den David Klein, deen no engem séier ausgeféierten Fräistouss de Ball an de Laaf kritt, a säitlech aus ronn 10 Meter un d'Laat setzt.

 

 

 

Nô weidere vereenzelten, mee éischter harmlose Goalchancen an der Offensiv, huet eis Defensivabteilung direkt e puer mol (20., 25. an 34. Minutt) nët gutt ausgesinn, mé wou den Yves Bossers awer all Kéiers op der Plaatz war a souverän paréiert huet.

 

 

 

An der 43. Minutt gët dunn en orange-schwaarzen Fräistouss aus dem Halleffeld laang op den zweete Potto bruecht wou de Charel Weidert mam Kapp riwwer op de Peter Lauer gët, deen den Itzeger Keeper op engstem Raum ze iwwerwannen weess. 1-0 fir Berbourg.

 

 

 

Mat der läschter Aktioun vun der éischter Halschent bréngen déi Itzeger nach eng Kéier e Fräistouss vun der Säit virun de Goal wou hiere Stiermer méi héich spréngt wéi all déi aner an zum 1-1 erakäppt.

 

 

 

Direkt nom Wiessel war ët den Yves Dahm deen an der 48. Minutt an de Laaf gespillt gët, schéin alleng an de 16er zéiht an direkt zweemol zum Ofschloss kënnt an doduerch och zum 2-1 markéieren kann.

 

 

 

Nodeems een d'Gefill hat dass Berbuerg besser am Match wier an déi dräi Punkten fir sech entscheede kéint, hun déi Itzeger hier zweet Loft fonnt a kréien lues awer secher ëmmer méi Spillundeeler. Daat huet sech och direkt bemierkbar gemaach andeems Sie an der 62. Minutt op e Wäitschoss hin, no enger glécklecher Aktioun den 2-2 markéiert hunn.

 

 

 

Duernô sollt ët nach vill Hin an Hier goën mat engem Géigner deen haaptsächlech nach op Stuerm agestallt war a mat deelweis gudden Chancen op beide Säiten déi awer ouni Succès bliwwe sinn.

 

An de Schlussminutten konnt dem Marc Wengler séng Equipe suguer nach frou sin sech nët daat ganzt Gebeess vun der Schmier huelen ze loossen, wéi déi Blo-Wäiss direkt 3 Riesechancen hannerteneen opweises haaten, déi awer emmer an allerläschter Nout vum Yves Bossers konnten entschärft ginn, sou dass et bei engem am Endeffekt gerechtfärdegten 2-2 bliwwen as.

 

 

 

 

Opstellung: Bossers - Kaufmann, Lacroix, Thies, Weidert - Amodio, Dahm, Klein, Speltz, Wengler - Lauer

 

 

Reserve: Hoffmann, Frank, Oswald, Schuster, Thill

Share |