Coupe de Luxembourg: Berbourg verkeeft sëch deier, gët awer eliminéiert 2:0 (0:0)

FC Blue Boys Muhlenbach Sandzak - FC Berdenia Berbourg 2:0 (0:0)

 

Bei stiermeschen Hierschtwieder goufen eis Jongen vun der 1. Equipe am 4. Tour vun der Coupe de Luxembourg géint den FC Blue Boys Muhlenbach-Sandzak aus der Eirepromotioun eliminéiert.

 

An der éischter Halschent hunn eis Jongen dôfir gesuergt, dass absolut keen Nivausennerscheed ze gesinn war. Sie stoungen disziplinéiert hannendran, an konnten deelweis schnell aus der Defense konteren, an déi Millebaacher sou e puermol iwwerraschen.

Grousschancen goufen et keng: just e puer harmlos Wäitschess vun deene Bloen a kleng Konterchancen vun de Berbuerger dei meeschtens am 16 hänkenbliwen sin.

 

No der Paus hunn dei Millebaacher awer dunn opgedreiht: Am Minutentakt koumen se zu Grousschancen. An der 48. Minutt haaten mer nach Chance wéi den Yves Bossers 2 x exzellent konnt klären, ier en 1 Minutt drop chancenlos war, wéi déi Millebaacher den 1:0 konnte markéieren. Iwer riets setzen se sëch duerch, spillen den Ball queesch op den 5 Meter, an den Spiller konnt zur Feierung markéieren.

 

Nô der 1. Drockwell koumen eis Jongen rëm besser an den Match an konnten daat Ganzt berouegen. Millebaach koum awer weider zu Chancen, bleiwen awer emmer rem um Berbuerger Schlussmann hänken.

 

An der 71. Minutt haaten se d'Chance op den 2-0 ze erhéigen, mee ët war alt rëm de Bossers deen e Fouleelëfmeter entschärft an déi Orange am Match hält. 3 Minutten drop verpassen déi Millebaacher eng méi wéi 100%eg Chance: den Steve Lacroix rett an allerleschter Sekonn. An der 79.Minutt war et rëm de Bossers deen rett. Eng Minutt drop koum den Peter Lauer zu enger Chance, mee e bleiwt um Millebaacher Keeper hänken.

 

An der 83. Minutt konnten dei Millebaacher den Saak zoumaachen, wéi së aus 16 Meter an de laangen Eck oofschléisse konnten. De agewiesselten Christophe Frank koum nach zu enger gudder Kappballchance an der 90. Minutt, mee den Ball sollt knapp driwer goen.

 

Am Endeffekt eng héichverdengten Victoire vun den Blue Boys, mee eis Jongen hu sech gudd geschloen a konnten duerch hier deelweis gudd Akzenter trotz der Néierlaag iwwerzeegen.

 

De Sonnden geet et weider, am Stade Rénert, wou mer op déi Itzeger treffen, wéi ëmmer um 16:00 Auer.

 

FCBB: Bossers - Thies, Petry (56. Schmit), Lacroix (C), Krischler - Klein, Guth (56.Dahm), Wengler, Amodio, Oswald (72.Frank) - Lauer

 

Réserve: Hoffmann, Schmit, Dahm, Frank, Speltz

Nët dobai: Weidert, Dias D., Hubert, Kaufmann, Wagner, Sequeiros, Schuster, Dos Santos

 

Share |