Berbuerg II gewënnt 2:1 géint Diekirch II

Berdenia Berbourg II - Young Boys Diekirch II  2:1 (2:0)

 

11. Minutt: E Fräistouss vum Haupert gëtt vun der Mauer deviéiert a fällt dem Thill um 16er virun d'Féiss, deen per Wäitschoss ënnen lénks an den Eck zum 1-0 erasetzt.

 

27. Minutt: De Guth setzt sech an der Mett schéin alleng duerch a leet dem Haupert de Ball lénks an de Strofraum deen vun der Linn per centre en retrait an d'Mett get wou de Wagner um 5-Meter ouni Problemer kann zum 2-0 markeieren.

 

80. Minutt: Giel-rout Kaart fir de Kapitän vun der Dikkrecher Equipe, wourops hin et nach eng bessen méi hektesch Schlussphase get.

 

87. Minutt: No engem brutale Foul um Schommer vun der göignerescher Nummer 9 krit deen 'nemmen' eng giel Kaart a kann direkt an der folgender Aktioun op 2-1 verkierzen.

 

De Score vun 2-1 konnten eis Jongen awer behaapten, sou dass déi 3 Punkten zu Berbuerg bleiwen.

 

Opstellung: Hoffmann - Schmit, Frondizi, Kaufmann (81. Schommer), Hoscheid - Guth, Sequeiros, Thill (85. Francois), Haupert - Wagner (66. Meyers), Frank (C)

Reserve: Chenneau, Meyers, Francois, Schommer

Share |