Berbourg I knackt Wuermer 1:2 (0:0)

FC Koeppchen Wuermer - FC Berdenia Berbourg 1:2 (0:0)

 

Nodiems eis Jongen dei lescht 2 Wochen schon hir Matcher göint t'Nopeschveräiner vun Mertert/Wasserbëlleg a Berdorf/Consdorf gewonnen hunn, war et dëse Sonndeg un dienen Wuermer.

Um Wahlsonndeg sollten t'Drauwen awer ganz héich hänken. Huet Wuermer während dienen 90 Minuten och mei Spillundeeler gehaat an sech eng Reih Chancen eraus gespillt, sou waren et awer eis Jongen, dei einfach mei konsequent a virun allem mei efficace virum Goal waren.

 

Ass den Match nach mat engem 0-0 an t'Paus gaangen, sou sollt dem David Klein, no enger herrlecher Kombinatioun iwert Amodio, Dahm an Lauer, den 1-0 fir eis Faarwen markéieren.

 

Eng veirel Stonn viru Schluss ass diene Wuermer dunn awer den Ausgläich gelong, dëst nodems mir den Ball n!et entscheedend aus eisem Strofraum degagöiert kruuten.

 

Ab do stoung den Match dunn op der Kipp. Dienen wëllen Attacken vum Geigner konnten eis Jongen mat gelegentlech ganz geféierlechen Konteren entgöint haalen. Een vun dienen huet den Serge Thies dunn 5 Minuten virun Schluss zum vill emjubelten 2-1 fir eis Equipe eragesaat.

 

Alles an allem en Succès, dien nët onverdéngt ass, well mir eis ganz einfach mat eisen bekannten Mëttelen wonnerbar geschloen hunn.

 

Nexten Rendez vous ass e Sonndeg, 27. Oktober um 16.00 h an der Millebaach, wou di 4. Ronn an der Coupe de Luxembourg gespillt gët. Kommt all dohin fir t'Equipe ze ënnerstëtzen.

 

Opstellung: Bossers- Thies, Dias D., Lacroix (C), Krischler - Amodio, Wengler - Hubert (46. Petry), Klein (75. Guth), Dahm (60. Kaufmann) - Lauer

Reserve:Hoffmann J., Kaufmann, Guth, Petry

 

Share |