Scolaires : Hironn mam Maximum vun de Punkten ofgeschloss!

FC Differdange 03 II - Entente Berbourg/Biwer 0:2 (0.0)

 

Mat deem néidege Gleck huet eis Equipe op engem herrlechen Sportkomplex 3 Punkten vun Déifferdeng mat Heem bruecht.

 

 

Et war e Match wou d’Heeméquipe secherlech di meechte „Grousschancen“ hat, mee eis 2 Goalkeeper hun eis am Match gehalen. Si hunn alle béid en extrem sëcheren Androck hannerlooss, wat ganz kloer op den Keepertraining zereckzeféieren as, deen si Woch fir Woch op eng ganz sérieux Art a Weis absolvéieren.

 

 

 

Et war deemno en haart Steck Aarbecht géint e staarke Géigner aus dem Süden. Trotzdem dass eis Equipe vill ënner Drock stoung, dëst virun allem an der 2. Halbzäit, as et hir bei engem Virstouss vum Raffael ALMEIDA gelongen a Féierung ze goen. Hien huet eng Flank op den zweete Poteau eragin wou de Nicolas OSWALD, deen vu Match zu Match besser gët, mat engem Kappball zum 0-1 eragesât huet.

 

 

 

Déi definitiv Entscheedung as kuerz viru Schluss gefall duerch e Wäitschoss vum Steven DOS SANTOS.

 

 

 

Mir hale fest : d’Saison leeft bis elo no Plang, mir sollte awer net vergiessen dat mer eist Ziel nach net erreecht hunn. Et gëllt deemno weider ze schaffen, dëst virun allem op takteschem Plang.

 

 

 

 

 

Equipe :

 

 

 

Bob SCHRANTZ (C) – Leandro LOPES, Kadir AAKRAM, Charel Kremer – Raffael ALMEIDA, Jérôme KRING – Alex WELSCH, Steven DOS SANTOS, Glenn ARTOIS – Nicolas OSWALD, Yannick SCHROEDER

 

Nick ASSEL, Sam WAINWRIGHT, Filipe PINTO, Sam KONSBRÜCK, Jo PITZEN

 

 

 

Net dobäi : Serge KINNEN (verletzt), Damien STEFFES (krank)

 

 

 

 

Share |