Berbourg I hëllt Revanche an ass en Tour weider an der Coupe

Union Mertert/Wasserbillig - FC Berdenia Berbourg 2:5 (0:3)

 

Virun villen Zuschauer konnten sech eis Jongen zu Wasserbelleg behaapten, an sech domadder fir déi 1-0 Défaite virun e puer Wochen revanchéieren.

 

An der 7. Minutt konnten déi Berbuerger de fréien 0:1 markéieren, wéi de Peter Lauer eng Flank vum Serge Thies duerch eng gutt Eenzelaktioun konnt verwerten. Duernô ass ët rop an roof gaang ouni dass et vill geféierlech Aktiounen gouf. An der 19. Minutt, konnt den Yves Bossers déi geféierlechsten Chance vun der UMW am Nôfaassen entschärfen.

 

Kuerz virun der Paus sollt et nach eng Kéier héich hiergoen: Ee schnell gespillten Ugrëff féiert zur 2:0 Föierung. De Lauer spillt dem Yves Dahm an de Laaf, dee leet de Ball zrëck an de Serge Thies konnt den Goal markéieren.

 

1 Minutt drop gouf den Lauer am Stroofraum néier getrëppelt, wat een Eelëfmeter an eng giel-rout Kaart fir de Verteideger als Konsequenz hat. De Lauer trett un an verschéisst, de Ball fällt em zreck virun d'Féiss, an nodeems en 3 Leit emdribbelt huet, konnt en markéieren. 0:3 an der Paus.

 

Direkt nô der Paus gouf d'Resultat weider ropgeschrauwt, wéi den Daniel Dias ee Corner vum Pit Speltz konnt zum 4-0 per Kappball markéieren. H!etzeg war ët an der 55. Minutt: D'UMW markéiert den Uschlosstreffer, wéi ee Wäitschoss onhaalbar oofgefälscht gouf. 30 Sekonnen drop markéieren se de 2-4, wei së vun engem Malentendu an eiser Verteidegung profitéiert hunn. Duernô sollten sech eis Jongen awer rëm fänken.

 

An der 77. Minutt war et den Steve Lacroix, deen op der Linn den 3-4 verhennert an den schnell ageleeten Géigenzuch war dunn den Geneckbrock fir d'UMW: De Lauer geet lenks an den Stroofraum, setzt sech duerch an markéiert säin 3. Goal.

 

Héichverdengte Victoire vun eise Jongen, déi sech, wei et schengt rëm gefaangen hunn, nô den läschten duerchwuessenen Wochen.

Elo waarden mer gespannt drop, ween nächsten Tour op eis waart.

 

Nächsten Sonnden waart dann den nächsten Derby op eis Jongen: US Berdorf/Consdorf kennt op Besuch an den Stade Rénert. De Match ass wéi ëmmer um 16:00 Auer.

 

FCBB: Bossers - Hubert (59. Krischler), Dias, Lacroix (C), Thies - Kaufmann (78. Schuster), Wengler, Amodio, Dahm (59. Klein)

Reserve: Dos Santos, Krischler, Klein, Schuster, Frank

Net dobäi: Wagner, Hoffmann, Weidert, Guth, Petry, Sequeiros

Share |