Berbourg I enttäuscht zu Cessange géint CeBra 4:3 (1:2)

FC Cebra 01 - FC Berdenia Berbourg  4:3  (1:2)

 

An engem Match, deen eigentlech nie dierft verluer goën, hunn eis Jongen wichteg Punkten hänken gelooss.

 

Berbuerg huet déi 1. Halschent dominéiert, koum zu villen gudden Aktiounen, mee Laat, géigneresch Verteideger oder den Keeper stoungen oft am Wee.

 

Symptomatesch den 0-1 fir dei Orange: Den Tom Hubert geet lenks iwert d'Säit, flankt ran, an den Ball schléit an d'Kräiz um 2. Potto an.

An der 33. Minutt konnten Spiller vum CeBra awer ausgläichen: een geféierlech no bannen gespilltene Ball gët vun eiser Oofwier verpasst, an sou konnt den Spiller onbedrängt zum 1-1 markéieren.

 

Berbuerg, siichtlech geschockt, konnt net direkt reageieren. Onkonzentréiertheeten an onnéideg Hektik am Spill nô fir hun hiert dozou bäigedroen. 1Minutt virun der Paus koumen mer dunn awer rëm zur Féierung: Ee Konter iwert den Peter Lauer, deen den Mike Wengler an Szene setzt, gët vum Keeper nët wäit genuch oofgewiert, an esou konnt den David Klein den Ball zur 1-2 Halbzäitféierung rasetzen.

 

Nôm Téih konnten mer eis Chancen nët méi notzen: Engem Fräistouss vum Lauer steet d'Laat am Wee, an engem 1 géint 1 vum Wengler, ass ët de Keeper (51.an 67. Minutt) dien klärt.

 

An der 75. koumen d'Haushären dunn rem zum Ausgläich, wei een oofgefälschtenen Wäitschoss onhaalbar an eisem Goal aschleit.

 

An der 84. Minutt konnten se souguer an Féierung goen, wei se déi ganz Verteidegung mat enger Pass ausgehiewelt hunn, an dem Yves Bossers am Goal rëm keng Oofwierchance gelooss hun.

 

Defintiv Entscheedung 1 Minutt virun Schluss, wei se een individuellen Feeler an eiser Defense äiskaal bestrooft hun.

 

Den direkt eragedréiten Corner vum Mike Wengler as dunn baal kengem mei opgefall, an huet just zur Resultatsverbesserung bäigedroen, well dônô war Schluss.

 

Eng batter an enttäuschend Defaite. Lo gëllt ët sech um Rimm ze rappen an der Coupe zu Waasserbelleg den nächsten Sondeg, wou mer souwisou jo nach eng Rechnung begläichen musssen. De Match ass, wéi ëmmer, um 16:00 Auer.

 

FCBB: Bossers - Thies, Dias D., Lacroix (C), Hubert (Petry) - Klein, Amodio (Kaufmann), Wengler, Krischler - Speltz (Frank), Lauer

Réserve: Petry, Kaufmann, Frank, Dos Santos

Net dobäi: Weidert, Wagner, Guth, Dahm, Schuster, Sequeiros, Hoffmann

 

 

Share |