Scolaires : 2. Succès am 2.Match

 

Daring Echternach - Entente Berbourg/Biwer 2-4 (1-2)

 

 

Eng beispillhaft Leechtung a punkto Asatz huet zum zweeten „Dréier“ gefouert fir eis Scolaires dat engem ganz intensive Match vun zwou staarken Equipen.

 

 

Trotzdem dat mir kal erwëscht goufen am Ufank vum Match, huet eis Equipe sech nô a nô an de Match eragespillt an as duerch zwee ganz schéin erausgespillte Goaler mat engem knappe Virsprong an d’Pause gaangen.

 

 

 

Och an deenen zweeten 35 Minutten huet eis Equipe sech gutt gewiert géint déi Abteistätter déi kierperlech eise Jongen iwerleeën waren. No engem 3-1 Virsprong as d’Heeméquipe nach eemol op 2-3 erukomm.

 

 

 

Den Ausgläich fir déi Giel/Schwarz war méiglech op 11 Meter hin, mee de Spiller huet iwert de Goal gesât. Praktesch am Géigenzuch, as d’Entscheedung zu Gonschten vun eiser Equipe gefall.

 

 

 

Alles an allem sinn déi 3 Punkten verdingt fir eise Grupp, deen emol méi ganz gutt gekämpft huet an och iwer grouss Strecken vum Match eng konzentréierten Androck hannerlooss huet géint e gudde Géigner.

 

 

 

Kompliment un de ganze Grupp !

 

 

 

Schéin gesin war nët fir déi 1. Kéier dat déi Spiller déi nët konnten dobäisin hir Kolleegen duerch hir Präsenz um Terrain ënnerstëtzt hun.

 

 

 

Eis Goaler hu geschoss :

 

 

 

1-1 Yannick SCHROEDER

 

1-2 Nicolas OSWALD

 

1-3 Nicolas OSWALD (11 Meter)

 

2-4 Steven DOS SANTOS

 

 

 

 

 

 

 

Equipe :

 

 

 

Bob SCHRANTZ (C) - Leandro LOPES, Kadir AAKRAM, Charel Kremer – Raffael ALMEIDA, Jérôme KRING –Filipe PINTO, Alex WELSCH, Glenn ARTOIS – Nicolas OSWALD, Yannick SCHROEDER

 

 

Nick ASSEL, Sam WAINWRIGHT , Steven DOS SANTOS, Damien STEFFES, a Jo PITZEN

 

Net dobäi : Sam KONSBRÜCK a Serge KINNEN (alle béid verletzt)

 

 

 

 

Share |