Scolaires : Gudde Start an de Championnat mat engem 6:0 géint RM Hamm Benfica II

 

Entente Berbourg/Biwer- Hamm Benfica II   6-0 (2-0)

 

 

En anstännege Match hunn d’Léit gebuede kritt um synteteschen Terrain zu Berbuerg am Kader vum Optakt vum Championnat bei de Scolairen.

 

 

Eis Equipe huet mat Momenter flotte Kombinatiounsfussball gewisen an dee kloeren Erfolleg geet och an där Héicht an d’Reih.

 

Am Verglach zum Frëndschaftsmatch géint Maacher huet deen een oder anere Spiller eng déitlech Leeschtungssteigerung gewisen wat der ganzer Equipe zu Gutt koum!

 

 

Ganz vill Chancen konnten erausgespillt gin, mee an der 1. Halbzeit konnten der leider just 2 genotzt gin.

 

 

De Match war awer kuerz no der Paus entscheed mam 3-0 duerch dee ganz fléissege Charel Kremer. Duerno sinn nach 3 weider Goaler gefall fir eis Equipe, déi domat deen éichten „Dréier“ kloergestallt huet fir den Optakt am Championnat.

 

 

Et hu markéiert :

 

 

1-0 Raffael ALMEIDA

 

2-0 Alex WELSCH

 

3-0 Charel KREMER

 

4-0 Raffael ALMEIDA

 

5-0 Steven DOS SANTOS

 

6-0 Nicolas OSWALD

 

 

Equipe :

 

 

Nick ASSEL - Leandro LOPES, Steven DOS SANTOS, Charel Kremer – Raffael ALMEIDA, Jérôme KRING –Filipe PINTO, Glenn ARTOIS, Kadir AAKRAM – Nicolas OSWALD, Yannick SCHROEDER

 

Sam WAINWRIGHT , Sam KONSBRÜCK, Damien STEFFES, Alex WELSCH a Jo PITZEN

 

 

Nët dobäi : Bob SCHRANTZ (gespaart) a Serge KINNEN (verletzt)

 

 

Share |