Berbuerg I réngt d'US Esch nidder 2-0 (1-0)

FC Berdenia Berbourg - US Esch  2:0 (1:0) 

 

An engem spannenden an intensiven Match, konnten sech eis Jongen duerch hieren bedengungslosen Asaatz een wichtegen 3er secheren.

 

Den Favorit aus dem Süden huet mat 100 à l'heure ugefangen an déi Berbuerger am Ufank quasi iwwerrannt. E puer Sekonnen waren gespillt, do haaten dei Escher hier 1.Chance, mee treffen just den Potto. An der 4.Minutt koumen se zu enger gudder Kappballchance, mee den Ball geet knapp derlaanscht.

 

Réischt nô enger veirel Stonn konnten déi Berbuerger d'Nervositéit oofleeën an sech aus den Escher Ugrëff befreien. An der 15. Minutt war et een Escher Verteideger, deen in extremis een Fräistouss vum Mike Wengler vun der Goallinn kratzt. 5 Minutten drop war et dunn baal den 1-0, wei den Escher Keeper mat enger Glanzparad ee geféierlechen Volleyschoss vum David Klein paréiert, nodeems den Daniel Dias eng Flank schaarf erabruecht huet.

 

An der 27. Minutt war et den Yves Bossers am Goal, deen 2 mol gudd paréiert. Et war déi 32. Minutt wéi den David Klein konnt den 1-0 markéieren, nodeems de Peter Lauer sech androcksvoll iwert déi riets Sait duerchsetzt an de Ball an d'Mëtt spillt, wou den David Klein keng Meih haat den Ball am Filet ënnerzebrengen. Ouni weider gréisser Opreeger ass de Match an dunn an d'Paus gaangen.

 

Nôm Téih, daat selwescht Bild wéi zum Schluss vun der 1. Halschent: Déi Berbuerger stoungen äusserst kompakt an sou konnten déi Escher hiert geféierlech Kuerzpassspill nët duerchzéien, laang Bäll nô fir waren d'Konsequenz.

 

Déi besser Chancen haaten se trotzdem: an der 71. an 76. Minutt haaten se baal 2 identesch Chancen: Béid Môl setzt sëch e Spiller iwer lenks am Stroofraum duerch an zidd oof, an béid mol geet de Ball haarscharf laanscht den Goal. Déi Escher hunn den Drock weider héichgehaall, hunn awer d'Moyenen nët fonnt, eis Defense ze knacken.

 

Turbulent war d'Schlussphase: Den agewiesselten Amodio trëfft mat séngem 2. Ballkontakt just d'Laat an 3 Minutten drop war d'Fortuna op eiser Säit, wéi déi Escher am decken Gewulls an eisem Stroofraum mat e puer Versich den Ball nët iwwert Linn kruuten.

An der 89. Minutt huet den Bossers eis am Match gehaalen, wéi en e Fräistouss mat enger Glanzparad entschärft huet. Läscht Aktioun am Match, war dann och d'Entscheedung: De Lauer gët nô engem Konter am 16er gefoult, an konnt selwer zum erléisenden 2-0 Entstand markéieren.

 

Alles an allem eng grondzolitt Prestatioun vun eise Jongen, déi duerch Asaatz an Disziplin den Escher d'Stier gebueden hunn. Weider sou !!!

 

Nächsten Match ass schon dëse Mettwoch 18.09.2013, zu Réimech um 19:30 Auer géint den Opsteiger Remich/Bous.

 

FCBB: Bossers - Thies, Weidert, Dias D., Hubert (64.Petry) - Speltz, Lacroix (C), Wengler (75.Amodio), Krischler - Klein (80.Frank), Lauer

Réserve: Petry P., Amodio, Frank, Kaufmann

 

Nët dobäi: Dos Santos, Hoffmann, Guth, Wagner, Sequeiros, Schuster, Dias F.

Wat passéiert, wa Berbourg e Penalty kritt?

Share |