Berbourg I verléiert am Derby géint d'UMW 1:0 (0:0)

Union Mertert Wasserbillig - Berdenia Berbourg 1:0 (0:0)

 

An engem intensiven an deelweis haarden Derby zu Waasserbelleg, konnten sech d'Haushären um Enn mat 1-0 behaapten. Vill Asaatz an Härt hun dem Spillfloss nët gudd gedoen, vill Chancen goufen et op beide Säiten nët.

D'UMW war déi 1. hallef Stonn iwwerleeën, mat méi Ballbesëtz, ouni sech awer konkret Goalchancen rauszespillen. Dono koumen dei Berbuerger besser an den Match an haaten an der 32. Minutt duerch een Fräistouss vum Peter Lauer baal zum 0-1 markéiert, mee de Keeper vun den Giel/Schwaarzen war zur Stell.

 

Nô der Paus waren et rëm déi Bëlleger, déi d'Heft an d'Hand geholl hun an koumen an der 49. Minutt zu engem gudden Schoss, deen den Goal awer verfehlt. An der 63. Minutt war et den Lauer deen den Goal per Volley knapp verfehlt.

 

An der 72. rett eis eisen Keeper, den Yves Bossers am Match, wei en een geféierleche Kappball oofwiert. 4 Minutten drop war et dunn rëm un den Berbuerger: eng schnell Kombinatioun tëschend Mike Wengler a Peter Lauer konnt vum Keeper aus dem Eck gefëscht ginn. Kuerz virun der 80. Minutt koum d'UMW dunn zur Feierung, wei so no engem Fräistouss fräistehend per Kapp onhaalbar zum 1-0 agenetzt hun. Läschte Chance vum Match haat rëm de Peter Lauer, wéi en an der 92. ee Ball per Direktopnahm knapp laanscht de Goal joot.

 

Alles an Allem, ee serreierten an haart emkämpften Match, an deem sech déi Bëlleger um Enn glécklech, mee kengesfalls onverdengt duerchgesaat hun.

 

De Sonnden geet et weider göint d'US Esch. De Match as am Stade Rénert zu Berbuerg, wei ëmmer, um 16:00 Auer.

 

FCBB: Bossers - Kaufmann (C - 66.Hubert), Weidert, Dias D., Thies - Krischler, Lacroix (66.Amodio), Wengler, Petry (46. Speltz) - Klein, Lauer

Reserve: Dos Santos, Speltz, Amodio, Hubert

Net dobäi: Hoffmann, Wagner, Schuster, Guth, Dahm, Frank, Sequeiros, Steimetz

Share |