Berbuerg I: 3 Punkten an 3 Goaler zum Optakt

Am eischten Match vun der neier Saison konnten sech eis Jongen doheem geint den Opsteiger CS Sanem behaapten, dest mat engem, zum Schluss, souveränen 3:0 (1:0).

 

D'1.Halschent gouf duerch vill Zweekämpf, mee och duerch Chancen op beiden Saiten domineiert:

 

Dei eischt kleng Goalchance haat den Peter Lauer an der 4.Minutt, wei en no engem Konter den Goal knapp verfehlt. Beschten Chance haaten awer dei Suessemer an der 8.Minutt, wei eis Verteidegung no engem Corner den Ball net degageieren konnt an den Suessemer Spiller frai aus 8 Meter op den Goal oofzitt, den Ball awer grandios vum Yves Bossers an eisem Goal pareiert get.

 

An der 20.Minutt een weideren gudden Konter vun Berbourg, mee den Lauer trefft no enger scheiner Pass vum David Schuster just d'Aussennetz.

 

An der 27.Minutt dei beschten Chance fir dei Orange: Den David Klein leeft no enger scheiner Kombinatioun mam Lauer leng op den Goal. Den Suessemer Keeper kann 2 mol pareieren, brengt den Klein awer beim 3. Versuch zu Buedem an verursaacht een 11Meter. Den fällegen Stroofstouss get souverän vum Peter Lauer zum 1-0 verwandelt.

 

Den Match as oofgeflaacht, greisser Chancen sin ausbliwen. Ze erwähnen as nach een gudden Schoss aus dem Laaf vun den Suessemer, deen awer an der 41. Minutt vum Bossers konnt entschärft gin.

 

No der Paus konnten dei Berbuerger den Drock rem erheigen an hun den Match domineiert. An der 71. Minutt as baal den 2-0 gefall wei een Suessemer Verteideger den Ball baal an d'eegen Netz devieiert huet.

 

2 Minutten drop sollt et dunn awer passeieren: Den Klein get duerch een wonnerbart Uspill vum Lauer an Szen gesaat an konnt zum 2-0 erheigen.

 

Weider 2 Minutten mei speit dei entgülteg Entscheedung: Den Lauer get vum agewiesselten Felipe Dias an den Laaf ugespillt an markeiert aiskaal den 3-0.

 

Weider Chancen goufen net mei verwert: An der 80.Minutt huet dem Klein sain Lupfer d'Ziel net fonnt, an an der 85. Minutt trefft den Lauer just den Potto.

 

Alles an allem eng heichverdengten Victoire vun eisen Jongen, dei vill Asaatz gewisen hun.

 

Geleet gouf den Match vun engem Arbitertrio aus dem Saarland, dei een ganz souveränen an positiven Androck hannerlooss hun.

 

Nächsten Sonnden geet et weider mat engem weideren Heemmatch geint den Promotiounsoofsteiger vun Monnerech, wei emmer um 16:00 Auer.

 

Vergiesst net, dass den Sonnden d'Virhierschtfest am Centre Beaurepaire as, wou et ab 11:30 vill Guddes z'iessen an ze drenken get. Dofir get d'Buvette och kuerz nom Match zougemaach.

 

FCBB: Bossers - Thies, Weidert, Dias D., Kaufmann (C) - Dahm, Amodio, Krischler, Schuster - Klein, Lauer

 

Réserve: Hubert, Dias F., Petry P., Sequeiros.

 

Net dobai: Hoffmann, Dos Santos, Speltz, Lacroix, Wagner, Guth, Wengler, Frank, Steimetz

 

Share |