D'Wuert vum Präsident fir déi nei Saison

Léiw Frënn vum FC Berdenia Berbourg,

 

Geschwënn geet déi nei Saison 2013/2014 unn, an t’Preparatiounen fir déi nei Saison schon voll amgaangen. Eis éischt Equipe ass schons zanter e puer Wochen am  am Training a schafft intensiv un de Grondlagen fir hir drëtt Saison hannerteneen an der 1. Divisioun mat Succès ze gestallten.

 

Ennert dem Impuls vum neien Trainer Marc Wengler versicht eis Equipe, déi baal komplett zesummen bliwen ass a mat gezielten Neizougäng verstärkt gouf, t’Zuschauer nees mat schéinem an erfollegräichen Fussball ze iwerzeegen. Eng gudd Gelegenheet fir t’Equipe an Aktioun ze gesin ass den 15. an 18. August wa mir eis «Coupe du 65ième anniversaire FC Berdenia Berbourg» auspillen.

 

Och fir eis 2. Equipe ass den Training nees amgaangen. Nodiems si ët an der Rëckronn färdeg bruecht hun vun 9 Matcher därer direkt 7 ze gewannen hun se t’Saison op enger sensationneller zweeter Plaatz ofgeschloss, wouduerch hir Aventure an der Klass 2 vum Reserve Championnat weider geet. Geint Reserve Equipen vun sou munch renoméiertem Vertrieder aus der Nationaldivisioun gët dobai ganz schéinen Fussball gebueden. Losst iech daat net entgoën.

 

Virun allem sin mir als Veräin ganz houfreg dass mir bei der Jugend op immens vill Interessi stoussen an dat emmer méi Kanner dem Lockruf vum Fussball folgen. Fir déi nei Saison kënnen mir dofir net manner wei 4 Jugendequipen fir den Championnat umellen. An och wann t’Resultater dobäi nët am Virgrond stin, sou mecht et dach immens Freed ze gesin, wei t’Kanner sech emmer besser mateneen verstin an och um fussballerechen Niveau Fortschrëtter man. Ech geing iech dofir gären invitéiren bei Gelegenheet dei jeweilleg Equipen ënnerstëtzen ze kommen.

 

Do dernierwt organiséiert den Veräin och emmer nees flott Manifestatiounen, wei z.B. den groussen Penalty Tournoi, dien ëmmer den 2ten Weekend am Juni statt fënnt oder awer seng gemütlech Themendeeg am Centre Culturel Beaurepaire.

 

Folgend Datumer kënnt dir iech dofir schon virmierken :

Virhirschtfest, Sonndes, den 1. September vun 11h30 un,

Mullen Owend, Freideg Owend, den 18. Oktober an

RTL Dëckkäpp, Donnesdeg Owend, den 5 Dezember.

 

Am Numm vum FC Berdenia Berbourg, wënschen ech iech eng schéi Vakanzenzäit, an ech hoffen dass mir eis geschwënn eng Keier zu Berbourg um Fussball gesinn.

 

Mat beschte Gréiss,

 

Claude Wampach

President vum FC Berdenia Berbourg

Share |