Minimes: Opstieg perfekt! Vun der 5. Classe an déi 3. Classe bannent 2 Joër

BERDENIA BERBOURG - ENTENTE MENSDORF/CANACH/WORMELDANGE 1 -0 (0-0)

 

Eng konzentréiert Leeschtung iwert déi 60 Minutten huet eiser Equipe den verdingtenen Opstieg bruecht !

 

Mir hunn iwwert de ganze Match wéineg zougeloss a mat deem néiedege Glëck, mee och mat engem enormen Asatz dee Succès gewollt. Virum Match war gewosst, dat mir hu missten gewannen géint eng verstärkten Entente Equipe vu Menster! De Goal vum Dag huet de Glenn ARTOIS markéiert mat engem Schoss an de Wënkel.

Chance hat mer kuerz viru Schloss wou e Fräistouss vum Gaascht ënert d’Lat goung, mee de Ball haat déi fatal Linn net iwerschratt.

 

Mam Schlusspëff, nô engem ganz spannenden Match, huet eist Team hir Freed voll ausgeliewt um Terrain an och an der Vestiaire!

 

Gratulatioun vun deenen 2 stolzen Traineren unn d’Jongen mat deem phantasteschen Equipegeecht!

 

Nick eise super Goalkipp, Steven a Sam Konsbruck souverän an technesch staark, Damien a Sam Wainwright ëmmer top Asaatz, Jérome a Leandro enorm wertvoll, Charel, Jim an Amel och eng ganz gutt Saison trotz jonkem Alter, Glenn a Yannick, 2 Spiller op déi een ëmmer kann zielen an wou d‘Leeschtung stëmmt! Merci och un den Michel Bohnenberger an de Sam Kleyr !

 

Share |