All Transferten vum FC Berdenia Berbourg fir déi nei Saison 2013/2014

Niewt deenen 2 bereeds feststoënde Wiesselen vum Mike Krichler a Mike Wengler schleissen sech nach folgend Leit dem FC Berdenia un :

 

Vum SV Bollendorf kënnt den 1,91 Meter groussen an 29- jähregen Verteideger Nils Steimetz. Hien soll den Konkurenzkampf an eiser zentraler Verteidegung erheigen.

 

Vum FC Victoria Rosport wiesselt den Matheus Sequeiros bei eis. Mat sengen 18 Joer probeiert de jonke Mëttelfeldspiller am Seniorsberaich Fouss ze fassen. De klenge Bruder vum Berni fällt awer leider nach 3 Meint mat enger Meniskusverletzung aus.

 

Desweideren kommen de Gilles Becker vum FC Mensdorf, an de Max Schrantz vun den Biwer Cadets zréck bei hiren Stammveräin.

 

Als Verstärkung fir eis 2te Equipe kënnt dann nach den Eric Frondizi op Berbourg. Hien huet bis ewel am Betriebsfussball gespillt, wou hien leschte Weekend mam FC Spuerkees t’Coupe gewonnen huet.

Hinnen all wënschen mir vill Spaaß an Succès bei eis am Verain.

 

Verloss hun den Veräin den Dennis Gansen (zréck bei d'SG Oberweis), de Michel Junker (FC Victoria Rosport), de Jacques Janssen (weiderhinn temporaire op Biwer), de John Seil an de Younes Bouchnafa (alle béid op Menster) an den Ernis Osmanovic (definitiven Transfert op Ehnen).

 

Op dëser Platz och en Merci u sie fir den Asaatz, dien sie am Trikot vum FC Berdenia bruecht hun.

Share |