Berbourg I: Wichtege Match géint Cebra

Eis 1. Equipe spillt muer Samsdeg, 18. Mee 2013 e wichtegen Auswärtsmatch géint den FC Cebra 01. Nô enger bis elo verpatzter Réckronn, brauch eis Equipe onbedéngt 3 Punkten fir nët virun deenen 2 leschte Matcher géint Rodange an Iechternach, definitif an den Ofstiegskampf verwéckelt ze ginn.

 

Eis Jongen brauchen elo all Ënnerstëtzung. Och wann ët déi léscht Zäit nët esou gutt gelaaf, wëlle mir hinnen weisen, dat mir voll a ganz hannert hinnen stinn. Duerfir sinn all Supporter a Memberen opgeruff, wann ët nëmmen geet, déi lescht 3 Matcher op den Terrain ze kommen, an eis Jongen unzefeieren.

 

1. Rendez-vous ass muer, Samsdeg um 18:00 Auer um Terrain vum Cebra.

Share |