Minimes: Eng gutt Affär zwee Spilldeeg viru Schluss!

BERDENIA BERBOURG – US SANDWEILER 7-1 (3-0)

 

Nodeem den Tabellenzweeten RFCUL 2 eng onerwaarten Nidderlag kasséiert huet, hunn eis Minimes profitéiert fir op 4 Punkten fortzezéien an der Tabell !

 

An deenen éichten 30 Minutten war awer villes net wéi et soll, an dee kloere Viirsprong täuscht, well Sandweiler war sëcher keng dräi Goler méi schlecht.

 

E propere Spillfloss war nët ze erkennen an zwee Goaler sinn iwwert Standardsituatiounen gefall. Et war de Steven DOS SANTOS, ee vun de beschte Spiller um Terrain, deen den 1-0 herrlech per Fräistoss vun 20 Meter eragesât huet. Nodeem de Yannick SCHROEDER den 2-0 no engem Spintduell mat engem Ôfwierspiller konnt annetzen, war et praktesch beim 3-0 déi selwescht Situatioun wéi beim 1. Goal. Erëm war et de Steven DOS SANTOS deen e ganz gudde Fräistouss a Richtung Goal bruecht huet, an dës Kéier konnt de Glenn ARTOIS zum viirentscheedenden 3-0 markéieren.

 

D’Spill nô vir as an der 2. Halbzéit liicht besser ginn, an déi schéinsten Aktioun vum Match iwert de Glenn ARTOIS huet de Yannick SCHROEDER ofgeschloss mat sengem zweeten perséinleche Goal.

 

Weider Goaler sinn duerch de Leandro LOPES (2) an nach eng Kéier duerch eise „Goalgetter“ Yannick SCHRODER gefall.

Mir sollen eis awer net blenden loossen vun deem vill ze héigen Schlussresultat vu 7-1, well ët bleiwen nach zwee schwéier Matcher ze spillen.

 

Equipe :

Nick ASSEL – Sam WAINWRIGHT , Sam KONSBRÜCK, Steven DOS SANTOS, , Damien STEFFES-Jérôme KRING, Leandro LOPES – Amel DZOGOVIC, Glenn ARTOIS (C), Charel Kremer - Yannick SCHROEDER -Jim SCHANEN a Michel BOHNENBERGER

 

Share |