Berbourg I géint US Esch onglëcklech ënnerleeën: 2-4 (1-1) Défaite am Stade Renert.

Berdenia Berbourg - US Esch  2:4 (1:1)

 

An engem schnellen, turbulenten Match konnten eis Jongen sech trotz gudder Leeschtung nët selwer belounen an verléieren um Enn zimmlech onglécklech géint eng spilleresch staark Equipe aus dem Süden.

Nodeems déi Escher no enger wonnerbarer Kombinatioun an der 23. Minutt den 0-1 markéieren konnten, waren et déi Berbuerger déi sech ee Chancenplus erspillt hun. Den Ausgläich fällt an der 35. wéi den Escher Keeper de Ball no engem Corner punktgenau dem Matteo Amodio virun d'Feiss faalen léisst, an dien dorop kann den Ausgläich markéieren.

 

Kuerz virun der Paus haaten déi Orange eng Riesengeleeënheet zum 2-1, wei den Pit Speltz sech den Ball vun engem Verteideger klaut, a Richtung Goal sprint. De Pit Speltz leet de Ball riwer op den Peter Lauer, mee de Keeper kann säi Schoss nach sou grad haalen.

 

Nô der Paus sollten déi selwescht 2 Spiller belount gin, wéi den Speltz de Ball dem Lauer an den Laaf spillt, deen äiskaal zur 2-1 Féierung trefft.

 

Dei Escher sin emmer mei staark ginn an koumen zu villen Chancen, déi alleguerten vum fantastesch opgelueschten Joël Hoffmann am Goal entschärft gi sinn. Schlësselszene am Match dunn an der 68. Minutt: Den Serge Guth kritt wéinst Handspill seng 2. Giel am Match a muss vum Steck. Mat engem Mann manner war den Drock vun de Escher ze grouss: Konsequenz: den nët onverdengten Ausgläich an der 70. Minutt.

 

Déi Escher konnten weider vun der Iwwerzuel profiteieren an markeieren hier 2-3 Féierung aus dem Gewulls raus an der 85. Minutt. Schlusspunkt an der 90. Minutt wei d'Minetter den 2-4 markéieren.

 

Schued: Gudd spilleresch an kämpferesch Leeschtung, déi nët belount gouf. Dorop kënne mer awer opbauen. Weider geet ët den Donneschten, 9.Mee 2013 ëm 17:00 Auer zu Bieles.

 

FCBB: Hoffmann - Hubert, Weidert, Amodio, Kaufmann - Gansen, Speltz, Schmit, Guth (C), Wagner - Lauer

Réserve: Dahm, Frank, Thies, Sequeiros, Bossers

Net dobäi: Klein, Lacroix, Dias D., P.Petry, Juncker, Schuster, Dias F., Scholtes, Albrecht

Share |