Berbourg I verléiert den Uschloss... 2-1 (0-0) Néierlag géint den Titus Lamadelaine

Titus Lamadeleine-Berdenia Berbourg 2-1 (0-0)

 

Op engem schwéier bespillbaren Terrain verléiert Berbourg géint den Titus Lamadeleine.

Konkret oder geféierlech Goalchancen gouf ët an der 1. Hallschent keng erwähnenswert, béid Equipen hunn sech wäitestgehend neutraliséiert.  An der 2. Hallschent verpasst den FC Berdenia ganz knapp d'Féierung wéi ee Kappball vum Christophe Frank no engem Fräistouss vum Berni Sequeiros den Goal em Zentimeter verfehlt.

Den 1-0 vun der Haushären fällt an der 62. Minutt wéi den Lamadelainer Lënksaussen duerch dei hallef Verteidegung geet, a vu 16 Meter flaach an den laangen Eck markéiert.

An der 69. Minutt ee weideren Schock: Ee Laafduell Schëller-géint-Schëller tëschend dem Daniel Dias an dem géignereschen Stiermer gët als Foul gewert, an de Schiedrichter weist op den Eelëfmeterpunkt: Den Ball gët souverän versenkt, mee muss widderholl ginn, wëll Spiller vum FC Titus ze fréi an den Stroofraum ragelaaf sinn. Den 2. Versuch sollt op den Potto goën, a sou ass ët bäim 1-0 bliwen.

An der 79. Minutt dunn baal den Ausgläich: no enger Flank verpasst als éischt den agewiesselten David Klein den Ball op der 5 Meter-Linn an um 2. Potto trëfft den Frank den eidelen Goal aus kierzter Distanz nët.

D'Virentscheedung ass an der 85. Minutt gefall, wéi ët erëm den Dias war, deen en Eelëfmeter verursaacht, dëst nodeems en den géignereschen Stiermer ze spéit oofgrätscht. Dëse Versuch geet ran an huet 2-0 Feierung bedeit.

Den Eierentreffer as dem Tom Hubert no engem schéinen Fräistouss an der 92. Minutt gelong, et sollt awer net mei duergoen...

 

Et gëllt, ët den nächste Sonndeg besser ze machen géint den Tabellendrëtten US Esch um 16:00 am Stade Rénert.

 

FCBB: Hoffmann J. - Kaufmann (C), Dias D., Weidert, Hubert - Wagner, Lacroix, Sequeiros (71. Klein), Gansen - Frank, Lauer

Réserve: Bossers, Klein, Petry, Schmit, Amodio

Net dobäi: Speltz, Guth, Scholtes, Schuster, Dos Santos, Thies, Dias F., Juncker, Albrecht

Share |