Minimes : … et la série continue!

ENTENTE MENSDORF/CANACH/WORMELDANGE - BERDENIA BERBOURG 0-1 (0-1)

 

Et war gewosst dat am Verglach zum leschte Match géint Biwer eng déitlech Leeschtungssteigerung huet misse kommen, fir weiderhin ongeschloen ze bleiwen am Championnat am Joer 2013.

 

Dât ass och agetratt zu Menster, wou di besser Equipe déi 3 Punkten kritt huet. De Goal vum Dag as no engem Korner vum Yannick SCHROEDER gefall, deen de ganze Match iwer ganz vill gelaaf ass, an ëmmer fir Gefôr gesuergt huet. Et war e Korner vum Yannick deen e Verteideger onglécklech an d’eegen Netz gesât huet, an domat vir de Goal vum Dag gesuergt huet.

 

D’Heeméquipe hat awer iwert de ganze Match keng erausgespillte Goalchance, wat op eng konzentréiert Leechtung vun eiser gesamter Verteidegung, an eisem defensive Mëttelfeld zereckzeféieren ass.

 

Flott erausgespillte Goalchancen an der 2. Halbzeit duerch Leandro LOPES, Yannick SCHROEDER a Charel KREMER konnte leider nët genotzt gin, esou dat et spannend blouw bis zum Schluss. Pech hat de gudd opspillenden Steven DOS SANTOS kuerz virum Enn wou séin Eelëfmeter nët eragaangen as.

 

Am Résumé : déi richteg Astellung erlaabt eis weiderhin ganz viir matzespillen, an ze dreemen .......... dëst 4 Spilldeeg viru Schluss !

 

Equipe :

Nick ASSEL – Sam WAINWRIGHT , Sam KONSBRÜCK, Steven DOS SANTOS, Damien STEFFES - Jérôme KRING, Leandro LOPES - Amel DZOGOVIC, Glenn ARTOIS (C), Charel KREMER - Yannick SCHROEDER -Jim SCHANEN a Michel BOHNENBERGER

 

Share |