Berbuerg I gewënnt héichverdengt géint Weiler-la-Tour I mat 4-1 (3-0)

Berdenia Berbourg - Yellow Boys Weiler 4:1 (3:0)

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Bei herrlechem Freijoërswierder konnten eis Jongen sëch fir den Ausrutscher an der Hinronn revanchéieren, an schloën harmlos Yellow-Boys mat 4-1.

 

An enger richteg gudder eischter Hallschent, konnt den FC Berdenia Berbourg no engem schéin rausgespillte Goal den 1-0 an der 10. Minutt markéieren. De Pit Speltz scheckt den Peter Lauer iwert déi lenks Sait op d'Rees, deen zidd an den 16er eran, spillt queesch op den Pit Wagner, deen keng Meih mam Oofschloss huet.

 

Berbourg, an alle Punkten dominant, konnt weider gutt nô fir spillen, mee meeschtens ass um géignereschen Stroofraum Schluss gewiecht.  An der 29. Minutt war et den Daniel Dias, deen nô engem Corner konnt ongedeckt den 2-0 mam Fouss markéieren. 3 Minutten drop sollt et him direkt nach eng Keier gelengen: no engem weideren Corner konnt den Daniel Dias sech entscheedent am Kappball behaapten an trëfft zum 3-0. Weider grouss Chancen duerch de Pit Speltz an de Peter Lauer goufen nët genotzt, an sou ass de Match héichverdéngt mat 3-0 an d'Paus gaang.

 

Nom Tei sollten all Beméihungen vu Weiler direkt am Keim ersteckt ginn, wei den FC Berdenia an der 49. den virentscheedenden 4-0 markeiert. De flenken Pit Wagner erkämpft sech ee verluer gaangenen Ball erëm zreck, flankt direkt an den 16er, wou den Peter Lauer keng Méih huet, de Ball an de laangen Eck ze schéissen.

 

Nô dëser Aktioun as den Match zounehmend oofgeflaacht, a Chancen goufen et op beiden Sait keng mei. Opregung an der 69. Minutt wei deenen Weiler een Eelëfmeter zougesprach ginn as, wou d'Spiller bis haut nach net wëssen wisou. Weiler notzt den Cadeau zum Uschlosstreffer.

De Christophe Frank an de Pit Speltz  loossen eis 2 läscht Grousschancen ongenotzt.

 

Héichverdengte Victoire, déi opgrond vun diversen Occasiounen, och hätt kéinten méi héich ausfaalen. Trotzdem hunn eis Jongen nôm 0-3 e Mëttwoch dei richteg Reaktioun gewisen. Sou kann et weider goen, am beschten direkt nächsten Sonnden, rëm doheem am Stade Renert, um 16:00 Auer géint den FC Koeppchen vun Wuermer.

 

FCBB: Hoffmann J. - Petry, Weidert, Dias D., Kaufmann (C) - Wagner (67. Frank), Lacroix (56.Schmit), Speltz, Hubert (37. Guth) - Gansen, Lauer

Réserve: Bossers, Frank, Schmit, Guth, Schuster

 

Nët dobäi: Klein, Dos Santos, Scholtes, Thies, Sequeiros, Juncker, Albrecht, F.Dias,

Share |