Minimes : Weider ouni Nidderlag 2013 am Championnat

US SANDWEILER - BERDENIA BERBOURG 2-4 (2-0)

 

3 weider Punkten sin um Kont vun de Minimes a si klammen domat an der Tabell mindestens op Plaz 2. No deenen éischten 30 Minutten hat keen um Terrain un deen Erfolleg gegleewt.

Et as praktesch néischt gelaf an der Equipe, jüst e Wäitschoss vum Glenn ARTOIS as zereckzebehalen, mee de Keeper vun der Heeméquipe konnt dee Ball awer paréieren.

 

No der Paus konnt d’Equipe awer gréissten Deels dat emsetzen wat am Training geübt gët, an de Géigner as nô a nô ëmmer méi a seng Halschent gedreckt gin. Endlech as iwert d’Säiten gespillt gin woubéi de Charel KREMER ganz gudd konnt gefalen. Hien konnt awer leider déi gréisste Chance vum Match fräi virum Goal net notzen.

 

Besser hun ët de Glenn ARTOIS an de Steven DOS SANTOS  gemaach an ët stoung 2-2. Nach bloufen 15 Minutten ze spillen. Eng Szeen, wéi se nët op e Fussballsterrain gehéiert as do passéiert wéi e Spiller vun der Heeméquipe nogerannt huet nodeem eise, wéi gewinnt gudde Golkipp Nick ASSEL, de Ball schons dégagéiert hat. Eng Rôfstellung fir 5 Minutten war di richteg Konsequenz !

 

No dësem Virfäll hun eis Jongen awer di richteg Äntwert um Terrain gin, a sin duerch weider Goaler vum Yannick SCHROEDER a Jim SCHANEN zu enger, um Enn, verdingte Victoire komm.

 

Elo gëlt et nächsten Samsdeg am Derby géint Biwer nozeleeën, fir weider vir an der Tabell matzemëschen.

 

All Respekt fir déi 2. Halbzeit. Dat as de Wee !!

 

Equipe :

Nick ASSEL – Sam WAINWRIGHT , Sam KONSBRÜCK, Steven DOS SANTOS, Damien STEFFES-Jérôme KRING, Leandro LOPES – Jim SCHANEN, Glenn ARTOIS (C), Charel Kremer - Yannick SCHROEDER a Michel BOHNENBERGER

 

Share |