Den FC Jeunesse Junglinster bestrooft Berbuerger Feeler brutal: 3-0 (2-0) Défaite zu Jonglënster.

FC Jeunesse Junglinster - Berdenia Berbourg  3:0 (2:0)

 

Virun villen Berbourger Supporter huet eis Equipe, trotz gudder kämpferescher Leeschtung, ët nët fäerdeg bruecht déi Jonglënster Equipe, déi technësch a spillerëscht méi staark war, ze pâken. 

De Match war knapps amgaangen, dô hunn déi Lënster schon den  1-0 markéiert. Duerch eng schnell Kombinatioun duerch eisen Stroofraum konnten se hier éischt Goalchance verwerten.

 

An der 13. Minutt haaten d'Haushären allerdengs Chance, wei ee Fräistouss vum Tom Hubert op den Potto gaangen ass. Mat hierer 2. Chance konnten dei Lënster an der 21. Minutt hier Féierung ausbauen: Den 2-0 fällt no engem Fräistouss per Nôschoss, wéi den Joël Hoffmann den Ball nët entscheedent konnt festhaalen. Et as weider hin an hier gaang an den Pit Wagner konnt ee Konter an der 24. Minutt nët oofschléissen, säi Schoss geet driwer. 2 Minutten drop treffen dei Lenster just eis Laat.

 

No der Paus waren et dei Orange dei d'Kontroll vum Match iwwerholl hun, mee gudd Goalchancen konnten nët verwert ginn. Gréissten Goalchance hat den Dennis Gansen wei ën an der 84. Minutt dem Lënster Keeper mat sengem Kappball alles oofverlaangt huet. Et koum dunn, wei et sou oft geet: den 3-0 an der 85. Minutt per Waitschoss.

 

Batter Neierlaag, mee moralesch an kämpferesch konnten mer dergeint haalen. Lô gëllt ët den Sonnden géint Weiler rëm Punkten ze sammelen. Gespillt get um 16:00 Auer am Stade Renert.

 

FCBB: Hoffmann - Petry, Weidert, Dias D., Kaufmann (C) - Wagner (62. Frank), Lacroix (62.Speltz), Schmit, Hubert (86. Thies) - Gansen, Lauer

Réserve: Bossers, Frank, Speltz, Thies

Net dobäi: Klein, Schuster, Juncker, Dias F., Sequeiros, Guth, Scholtes

Share |