Den FC Berdenia kann 2013 gewannen: Victoire beim FC Avenir Beggen 1-3 (0-0)

FC Avenir Beggen - FC Berdenia Berbourg 1-3 (0-0) 

 

Viru villen Berbuerger Supporteren konnten eis Jongen dën éischten 3er am Joer 2013 bei den Wichtelcher zu Beggen afueren.

Beggen huet iwwerleeën ugefangen, ouni sech awer grouss Chancen rauszespillen. Mat mei oder wéineger harmlosen Wäitschess konnten se nët markéieren. Nô 20 Minutten koumen déi Orange besser an de Match, a konnten duerch 2 gudd Aktiounen duerch de Peter Lauer déi éischte Kéier fir Gefôer suergen. An der 25. Minutt gouf souguer den 0-1 markéiert, mee den Goal sollt wéinst Abseits nët zielen. Ee Wäitschoss vun de Beggener konnt den Joël Hoffmann gekonnt an den Corner deviéieren, ee weideren Schoss ass an der 35.Minutt derlaanscht gangen. De Peter Lauer an den Tom Hubert haaten nach 2 weider Geleeënheeten, mee et sollt mam 0-0 an d'Paus goen.

 

An der 2. Halschent war Berbuerg spillbestëmmend, a sie konnten sech an der 61.Minutt selwer belounen: De Steve Lacroix leet den Ball dem Dennis Gansen an den Laaf, deen leet zreck an de Lacroix trëfft flaach an den laangen Eck.

 

Eng Minutt drop sollt et schons rem rabbelen: De Peter Lauer setzt sech super duerch, zidd an den Stroofraum an schéisst, de Beggener Keeper kann just klatschen loossen, ann an der Mëtt kann den Tom Hubert sech behaapten, ann aus der Dréihung den 2-0 markéieren.

 

Wei den Match lues a lues ooflaacht koumen déi Beggener zum Uschloss: Ee Foul vum Daniel Dias haat een Eelëfmeter als Konsequenz, an sou koum Beggen an der 80. zum Uschlosstreffer.

An der Nospillzait war et dunn den Dennis Gansen deen den Saak mat enger super Eenzelleeschtung zum 3-1 konnt zoumaachen.

 

Zolitt Performance vun de Berbuerger, dei mat deser Victoire déi passend Äentwert op déi duerchwuessen läscht Wochen ginn hunn.

 

Dëse Mëttwoch, 10. Abrëll 2013 geet et weider mam Derby zu Jonglënster geint den Tabellenzweeten, gespillt get um 19:30 Auer. Kommt all eis Jongen ënnerstëtzen!

 

FCBB: J. Hoffmann - Petry, Weidert, Dias D., Kaufmann (C) - Wagner, Lacroix, Schmit, Hubert, Gansen - Lauer

Réserve: Bossers, Frank, Juncker, Thies, Guth

Net dobäi: Speltz, Klein, Dos Santos, Scholtes, F. Dias, Sequeiros, Albrecht, Dahm

Share |