Minimes : Schued, en Erfolleg war méiglech!

U.S. MONDORF - BERDENIA BERBOURG 1-1 (1-0)

 

Et war sëcherlech méi dran ewéi 1 Punkt zu Mondorf fir eis Minimes, déi eigentlech iwert de ganze Match spillbestëmmend waren a relativ wéineg zougelooss hunn.

 

E Kado hu mir dem Géigner an der 1. Halbzeit awer misste maachen, deen dofir och dankbar war, esou dass mir mat engem 0-1 hu missen an d’Paus goën.

Eng anstänneg kämpferesch Leeschtung vun eiser Equipe woubäi déi eng Spiller méi Asatz gewisen huet wéi ânerer, huet op Korner hin den Ausgléich bruecht duerch de Leandro LOPES.

Virdrun sin gudd Chancen duerch de Charel KREMER an de Glenn ARTOIS, deem séi Volley Schoss jüst iwert d’Lat goung, leider nët genotzt ginn.

Och nôm 1-1 hu mir de Match weider kontrolléiert an et hätt net vill gefehlt fir en „Dréier“. Glecklech musse mer awer och sin dat de Géigner 2 Chancen nöm Téi net konnt notzen. Emol kont de Nick ASSEL duerch e Reflex klären, bei där aner Aktioun hun déi Munnerefer ze laang gewaart.

 

Fazit vum Match : et war méi dran géint e Géigner dee mir méi staark erwaart haten. Vereenzelt Spiller vun eis haten awer och net hire beschten Dag erwëscht, ânerer dogéint weisen vu Match zu Match dat se ëmmer besser ginn, an enorm wertvoll sinn fir d’Equipe!

 

Equipe :

Nick ASSEL – Sam WAINWRIGHT , Sam KONSBRÜCK, Steven DOS SANTOS, Damien STEFFES-Jérôme KRING, Leandro LOPES - Amel DZOGOVIC, Glenn ARTOIS (C), Charel Kremer - Yannick SCHROEDER

 

 

Share |