Wëllschwéin verwüsten en Deel vum Terrain am Stade Renert

Hieren Aën nët méi getraut, hunn verschidde Comitésmemberen, wéi sie an de Stade Renert komm sinn. Eng Rotte Wëllschwéin huet den henneschten Deel vum Terrain op d'Kopp gedréit, an uerdentlech Schued gemach. Wéi sie erakomm sinn, ass nët geklärt, mee eng Dier am Droot ass vergiess ginn zou ze machen. Wéini dat geschitt ass, muss ënnersicht ginn, de leschte Match um Terrain, war en Donneschdeg, 28. Mäerz 2013 vun de Seniors 2 géint Kayl-Tétange.

 

Op d'Gemeng oder de Veräin fir de Schued opkënnt, dien op e puer Dausend Euro geschatt gët, ass nach onkloër. Eng Versëcherung ass duerfir nët zoustänneg, de Juegdpächter och nët, well ët sëch ëm eng Sportplaatz handelt.

 

Suergen dierft dem Veräin och machen, wou déi nächst Matcher kënne gespillt ginn, de Schued ass grouss, an ët wäert Wochen daueren bis den Terrain erëm bespillbar ass.

Share |